Reesen haut ass net méi dat selwecht wéi Reese fréier. Et gi vill Mënschen, déi vu Vakanz zu Vakanz liewen. Knapp ass déi eng Vakanz fäerdeg, gëtt schonn un der nächster geplangt. De Reessecteur huet sech nawell zolidd geännert a besonnesch déi nei Technologien a besonnesch och d’KI fänken u beim Reese méi a méi Afloss ze hunn. Mee ass dat gutt wann ee KI-generéiert Reesen organiséiert kritt? A wou bleift de mënschleche Facteur an deem Ganzen? Genee dat si Sujeten iwwer déi an dësem Euranet Plus Podcast rieds geet, an deen de Jean Claude Majerus zesummegestallt huet.
28 Sept 2026
Europa Muer: Beim Online Marketing musse mir eis virun eis selwer protegéieren?
Dann nach de leschte Podcast “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus”, wou d’Consommatioun, d’Consommateuren an d’Rechter vun de Leit am Mëttelpunkt stinn.
Experten a der ganzer EU diskutéieren iwwer déi hannerhälteg Manéier, wéi Online-Marketing-Taktiken de Consommateur uschmieren, an dat geet vu ganz einfachen Iwwerzeegungsapprochë bis bei sophistiquéiert Forme vu Verhalensmanipulatioun.
Duerch den Asaz vun “Dark Patterns”, KI-generéiertem Profiling oder fiktiven Urgencë fänken digitale Servicer un, d’Decisioune vum Consommateur op eng Manéier ze beaflossen, wou all Transparenz an Autonomie net méi garantéiert ka ginn. Mee d’Reguléierung vun deem Ganzen hippt awer wéinst der rasanter Entwécklung ëmmer hannendran. Dëse Podcast mat vill Beispiller, wéi esou Frauden oder Arnaquë kënnen ausgesinn, a wéi ee sech méi oder manner gutt protegéiere kann, huet de Jean Claude Majerus zesummegestallt.
28 Sept 2026
Europa Muer: Wéini kommen déi grouss Changementer bei de Passagéierrechter?
An dësem Podcast aus der Rubrik “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et ëm Passagéierrechter.
Well Fluchpassagéier an der ganzer EU hu Rechter, wann hir Rees net wéi geplangt verleeft. Mee fir déi Rechter ze verstoen a se och duerchzesetzen ass net ëmmer einfach. Iwwerdeems d’Europäesch Unioun am gaangen ass d'Rechter fir Passagéier am Allgemengen ze iwwerschaffen, bleift et awer schwiereg fir déi Rechter bei de Consommateure bekannt ze maachen an dernieft bleift den administrativen Opwand grouss an d’Ëmsetze vun de Rechter ass net iwwerall d’selwecht.
De Jean Claude Majerus mécht an dësem Podcast en Iwwerbléck vun der Passagéierrechter an der EU a kuckt och, wou déi meeschte Problemer sinn.
Host of Euranet Plus Podcast?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.