Exit! An elo? Episod 10 - Intensivstatioun, 27/06/2020
Haut ass den Gilles Martin Infirmier Anästhesit aus dem Nordspidol den Invité.
21 Jun 2020
Exit! An elo? Episod 9 - Medikamenter, 21/06/2020
Den Ament hätt een d’ Situatioun hei am Land am Grëff, vill vun de Mesuren déi an der éischter Well gegraff huet misst een an enger zweeternet méi huelen
Mir hu Medikamenter fir de Schued vun der Krankheet a Grenzen ze halen, ma nach gëtt et kee standardiséiert Mëttel fir Covid-19-Patienten ze traitéieren, esou den Dr. Serge Meyer, deen am Escher Spidol d’ Krisencellule geleet huet am RTL Podcast Exit! An elo?.
19 Jun 2020
Exit! An elo? Episod 8 - Fräiheeten, 19/06/2020
Mir musse léieren eis Fräiheeten a Grondrechter ofzeweien, esou de Politikwëssenschaftler Michel Dormal.
De Wëssenschaftler gesäit d’ Potential dofir, datt am politeschen Discours eng gewësse Krise-Semantik hänke bleift: “Do riskéiere mer an eng komesch Situatioun ze komme wou jiddereen sech géigesäiteg iwwerbitt, mat Katastrophen- a Krisenzeenarien an esou no a no den Etat d’ Urgence zum normale Modus vu Politik gëtt. Et huet ee jo gesinn dat et kuerzfristeg fonctionéiert, mee laangfristeg ass et näischt wat an enger Demokratie esou ka fonctionéieren.”
18 Jun 2020
Exit! An elo? - Episod 7 - Smart Testen, 18/06/2020
Den Exit aus der Corono-Kriis begleed vun Experten, haut ass den Direkter vum Staatslabo den Friedrich Mühlschlegel Invité.
Den Direkter vum Staatslabo, de Prof. Friedrich Mühlschlegel, seet dat mer bis mer eng Impfung hunn musse smart Teste fir Infektiounsketten ze ënnerbriechen. Och Schnelltester déi geschwënn kéinten ob de Marché kommen, géifen d'Spillreegelen änneren.
An eisem Podcast Exit an Elo? beschäftege mir eis mam sougenannte Large Scale Testing. Wat brengen se a wei fonctionneiert et?
Jidderee kann, soll, dierf sech teste loossen. Per Bréif soll an de nächste Wochen all Resident op mannst eemol ugeschriwwe gi fir sech testen ze loossen. Umelle muss een sech iwwer Internet, mëttlerweil kann een am Noutfall och per Telefon e Rendezvous ausmaachen.
Ëmmer méi Leit maache beim sougenannte Large-Scale Testing mat. Bis e Freidegmëtteg goufen iwwert dëse Wee 23 Dausend Tester gemaach. 5 Persoune ware positiv.
3 Jun 2020
Exit! An elo? - Episod 5 - Impfstoff fir Enn vum Joer?, 03/06/2020
Mam Dokter Gerard Schockmel, Infektiolog aus den Hopitaux Robert Schuman, schwätzt de Pierre Weimerskirch iwwert d' Entwécklung vun Impfstoffer.
A bal 100 Laboe weltwäit siche Fuerscher mëttlerweil no engem Vaccin géint de SARS-CoV-2. Zil ass esou e Retour an dat normaalt Liewen, wéi d’Welt et virun der Pandemie kannt huet, ze erméiglechen.
1 Jun 2020
Exit! An elo? - Episod 4 - Zweet Well verhënneren, 01/06/2020
Eng méiglech zweet Well vu Sars-CoV-2-Infektiounen zu Lëtzebuerg ka verhënnert ginn.
D' Zuelen hätten sech an de leschten Deeg ganz positiv entwéckelt an d' Simulatioune vu Research Luxembourg wiere villverspriechend. Et misst awer weiderhin e kollektiven Effort gemaach ginn, esou den Alexander Skupin, Biophysiker beim Lëtzebuerger Institut fir systemesch Biomedezin, am RTL-Podcast Exit! An Elo?
26 May 2020
Exit! An elo? Episod 3 - Duerch Teste méi séier wéi de Virus, 26/05/2020
Wat bréngt et breet op de Coronavirus ze testen? Vill, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Insitute of Health.
Zu Lëtzebuerg kenne geschwënn bis zu 20 Dausend Tester op de Coronavirus gemaach ginn. Den Dag. Wat hannert dëser Test-Strategie stécht diskutéiere mer zesumme mam CEO vum LIH am 3. Episod vum Podcast Exit! An elo?
20 May 2020
Episod 2 - "Et kann een optimistesch sinn", 20/05/2020
"Exit! an elo?" mam Paul Wilmes. Zu den Themen: Nei-Infektiounen, Opmaache vu Caféë a Restauranten an enger méiglecher zweeter Wëll.
D'Entwécklung vun de Nei-Infektiounen ass iwwert di lescht Woche relativ stabel gewiescht. Et kéint een optimistesch sinn, ma et wier ee nach net ganz iwwert de Bierg. D' Opmaache vu Caféë a Restauranten si laut Simulatioune méiglech.
13 May 2020
Episod 1 - Wee an den Alldag, 13/05/2020
Den Exit aus der Corono-Kris begleet vun Experten. Mat Tipps zu alldeegleche Situatiounen an den Neisten Entwécklungen.
Mam Virolog Prof. Claude Muller diskutéiere mer iwwert Froen déi sech den Ament vill Leit am Alldag stellen… Dierf den Enkel nees bei d’ Bomi...op wat soll ech an de Geschäfter oppassen? Wei organiséieren ech mech wann ech 6 Leit heem invitéieren an 2 Meter Ofstand muss halen?
Host of Exit! An elo??
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.