Ausgeschwat ass de Podcast hannert der Tëlees-Emissioun Ausgesat. All Freide gëtt hei mat de Kandidaten op déi aktuell Episoden aus der Woch zréckgekuckt.
Déi grouss Finall ass eriwwer. Mëttlerweil gouf se verdaut a mir kucke mat alle 4 Kandidaten nach emol op d’Rees ouni Plang mat allen Héichten an Déiften.
3 Oct 2023
Episod 5: E schlechte Verléierer?, 03/10/2023
De Mann mat den 101 Bandanae verréit eis, wat hien an den Episoden 9 an 10 gebrach huet a wisou hien engem Tausch-Rausch verfall ass.
29 Sept 2023
Episod 4: Haart Schuel – mëlle Kär?, 29/09/2023
De Maurizio polariséiert. Et ass ee Fan oder net. Am 4. Episod léiere mir den Escher besser kennen an huele mat him d’Episode 7 an 8 vun Ausgesat auserneen
22 Sept 2023
Episod 3: Turbulenze bei Team Giel?, 22/09/2023
De Loïc hëlt mat eis d’Episode 5 a 6 ausernee mat Selbstreflexioun, Kritik, an och dem engen oder aneren Aha-Effekt géintiwwer Team-Partner a Géigner.
15 Sept 2023
Episod 2: Eng Fra ënner Männer, 15/09/2023
D’Jackie huet sech mat eis d’Episoden 3 a 4 ugekuckt. Wéi loosse sech Harmonie a Kampfgeescht ënnert een Hutt bréngen, a wéini ass et ok, ze bluffen?
8 Sept 2023
Episod 1: Kee Plang vu Näischt, 08/09/2023
De Raoul a Loïc kucke mat eis op d’Episoden 1 an 2 zréck. Erënnere sech un d’ Opreegung virun der Rees an den éischte Kulturschock sur Place.
4 Sept 2023
Episod 0: Wat leeft bei Ausgesat 2.0?, 04/09/2023
Am Nullepisod ginn d’Anouk an d’Rosa e Virgeschmaach dorop, wat iech hei an den nächste Woche bei der Tëlees-Emissioun AUSGESAT an hei am Podcast erwaart.
Contact Ausgeschwat
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of Ausgeschwat?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine