D'Handwierk entwéckelt sech weider. An dozou gehéieren och Sujete wéi d'Sécherheet an d'Wuelbefannen op der Aarbecht. Schliisslech wëllen och Daachdecker*inne séchere Buedem ënnert de Féiss, an d'Elektriker*inne sollten och mol ofschalte kënnen. Wëllkomm bei Craft Your Balance, de Podcast vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Publisher
Chambre des Métiers | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Craft your balance #3 - Wuelbefannen op der Aarbecht
D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vun hirer Campagne "Make. Shape. Create. A Better Place to Work" eng Approche a 5 Sailen ausgeduecht, fir d'Facteuren, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. An dësem Episod fokusséiere mer eis op de Pilier WELL, dee fir Wuelbefannen, Gesondheet an e gutt Klima op der Aarbecht steet.
De Ben Jungers ass Gerant vum Familljebetrib de Buedemleër. De Marco Schmitz ass Co-Grënner a Gerant vu Wandwerk an Taff. Déi zwee Betriber hunn eis erzielt, wat fir Moossnamen si ergraff hunn, fir d'Wuelbefanne vun hire Mataarbechter ze fërderen, wéi si de Succès vun hirer Philosophie moossen, ma och wat déi zwee um Begrëff "Work-Life-Balance" stéiert.
8 Dec 2023
Craft your balance #2 - Digitalisatioun an Innovatioun
D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vun hirer Campagne "Make. Shape. Create. A Better Place to Work" eng Approche a 5 Sailen ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. An dësem Episod fokusséiere mer eis op de Pilier SHARP : D'Roll vun der Digitalisatioun an der Innovatioun fir de Beräich "Organisatioun am Handwierk".
D'Carmen Kieffer ass Responsabel fir de Service eHandwierk bei der Chambre des Métiers. D'Laetitia Magny (Ergonome a Conseillère en prévention) an d'Marie-Flore Simon (Médecin du travail) schaffen am Service de la Santé au Travail de l'Industrie (STI). Si erkläre wat hei d'Chance sinn a firwat et sënnvoll ass déi Transitiounsphase ze ënnerhuelen. De konkreten Impakt gesäit een awer ëmmer nach am beschten um Terrain : De Sebastien Steffes, dee säin Atelier graphique Molotov Design gegrënnt huet, an de Yannick Schuler, deem säi Familljebetrib Bressaglia Serge sech iwwer ville Generatiounen nei erfanne misst, erzielen, wéi nei Tools hir Aarbecht an déi vun hire Mataarbechter vereinfacht a verbessert.
19 Jul 2023
Craft your balance #1 - Fir ee bessert Handwierk
D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vu hirer Campagne Make. Shape. Create. eng Approche a 5 Pilieren ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. Mee wéi soll dës Approche genee funktionéieren a wéi eng sinn dës 5 Sailen?
De Gilles Walers ass an der Chambre des Métiers zoustänneg fir alles, wat zu de Beräicher Soziales, Aarbecht a Formatioun gehéiert. Am éischten Episod zielt hien eis, wéi et zu dëser Approche komm ass, a wéi si dës an de Betriber wëllen integréieren. D'Clémentine Venck, Directrice vu Cocottes, an de Carl Werner, Gerant vu Coplaning, hunn an hiren Aktivitéite scho vill Moossnamen ënnerholl, fir d'Wuelbefannen an d'Sécherheet vun hire Mataarbechter*innen ze garantéieren. Si erkläre wisou dat wichteg ass – esouwuel fir d'Mataarbechter*innen, wéi och fir d'Entreprise selwer.
Contact Craft your balance
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of Craft your balance?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine