Podcast thumbnail for E puer Wierder iwwer Wierder

E puer Wierder iwwer Wierder

Claim This Podcast

by radio 100,7

5.0(4 reviews)
95 episodes
Updated Daily
Accepts GuestsHas SponsorsLocation 🇱🇺

Podcast Overview

D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.

Language

🇱🇧

Publishing Since

9/16/2024

1 verified contact email on file for E puer Wierder iwwer Wierder

Pitch yourself as a guest, propose sponsorships, or reach out directly to the host.

Recent Episodes

Episode thumbnail for vu que datt

July 6, 2026

vu que datt

Dës Kéier geet et ëm eng Niewesazaleedung, déi mir aus dem Franséische geléint an hallef integréiert hunn: vu que / vu datt. Donieft gi mir och gewuer, wat et mam "vu que datt" op sech huet. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hues de eis matbruecht? C: Haut si mer erëm bei der Kategorie Saachen, déi ech als Linguistin immens oft gefrot ginn, an zwar vu Leit aus allen Altersklassen a wou sech iergendwéi d'Leit och wonnerbar echaufféiere kënnen. Et ass de "vu que dass". Simon, hues du do speziell Gefiller? Oder benotz du dat iwwerhaapt? S: ____ C: Haut geet et also ëm d'Niewesazaleedung 'vu que dass' oder 'vu que datt', wou sech Leit opreegen, firwat dee 'que' an den 'datt' doppelt gemoppelt sinn, firwat mer dat zweemol maachen. Kucke mer emol eng Kéier, wéi déi Struktur am Franséische fonctionéiert. Dat ass de Participe passé vu 'voir' mat engem 'que' fir en Niewesaz anzeleeden, an dat ass 'vu que', an domat seet ee wiertlech sou vill wéi "mir hu gesinn dass" an da kënnt eng Erklärung hannendrunner. Ne, dat ass da kausal. Et gëtt erkläert, firwat eppes sou ass oder firwat eppes eng bestëmmte Konsequenz huet. An déi Tournure, déi passt wonnerbar, déi gëtt oft agesat. An elo gëtt et zwou Optiounen, fir den "vu que" an d'Lëtzebuergescht ze integréieren: als Block oder eenzel Wierder. S: Wéi mengs de dat? C: Optioun 1: Ech kann de 'vu que' wéi eng fest Eenheet iwwerhuelen, als Block. De Leit ass do och vläicht guer net kloer, wéi en Deel wat iwwerhëlt, dass dat eent eeben dee Participe passé ass an dat anert déi franséisch Subjunktioun. Mee am Lëtzebuergesche gëtt et nach den 'dass' resp. 'datt', deen een do dropknätscht. Optioun 2: Do hu mer Leit, déi reanalyséieren dat, déi erkennen, dass de 'que' am Fong déi selwecht Funktioun iwwerhëlt wéi den 'dass/datt' an da soe se léiwer 'vu dass'. S: … well du géifs jo net soen 'vu dass dass'. C: Genee, se soen dat net, well do ass jo och transparent, dass deen zweemol dat selwecht erfëllt. Awer wéi ech gesot hunn, et ka sinn, dass beim Léinen d'Leit de 'vu que' als eng Eenheet iwwerhuelen an net als seng eenzel Bestanddeeler. S: A firwat kënnt eigentlech deen 'dass' dann nach eng Kéier, wann ech 'vu que dass' soen? Also firwat héiert een dat vill? C: Mir brauchen eppes, wat den Ufank vum Niewesaz markéiert an iergendwéi ass de "que" dofir net staark genuch. Dat läit vläit och dorunner, dass mir am Lëtzebuergesche ganz oft d'Tendenz hunn, fir Niewesätz net nëmmen normal anzeleeden, mat engem eenzelnen Element, mee och nach mat engem weideren dass oder datt. An dat heescht dann an der Fachwelt duebel gefëllt Niewesazaleedung. S: A kanns de eis do e Beispill ginn? C: Jo, ganz gären. An do gëtt et richteg vill Beispiller. Do hu mer eppes wéi "Kanns du mer soen, wéi laang dass de Film geet?" oder "Kanns du mer soen, wéi grouss dass den Ofstand ass?" Du mierks, du kanns ganz oft soen, "wéi grouss >datt< eppes ass". Du kanns awer och soen, "wéi grouss eppes ass". An do hat ech e puer Donnéeën, dat hunn ech nämlech och als Phenomeen a menger Dokteraarbecht analyséiert. Do kann ee gesinn, dass, ech hat elo e Verglach, "wéi schwiereg dass dat ass" (mat) a "wéi schwiereg dat ass" (ouni). An déi Form mat der dass-Verstäerkung louch bei 44 % vun de Fäll. Déi aner stoungen ouni. Bei anere Beispiller war d'Verstäerkung mam 'dass' méi seelen. S: Also ass esou een Extra-dass guer net ongewéinlech? C: Jo, do wonnert et mech net, dass de 'vu que dass' esou gutt fonctionnéiert, well net nëmmen, dass mer et aus enger anerer Sprooch léinen an eis do decidéiere kënnen, dat Ganzt wéi een Element ze huelen. Mee souguer wa mer et reanalyséieren a seng eenzel Bestanddeeler, ass et am Lëtzebuergeschen och total normal, eppes mat dass oder datt ze verstäerken. Sätz wéi: ech froe mech, firwat hien net kënnt ODER ech froe mech, firwat dass hien net kënnt – ganz normal Variatioun. Passt emol drop op beim Nolauschteren! S: Gëtt et dat och an anere Sproochen? C: Jo, dat gëtt et och an däitschen Dialekter an et gëtt et souguer am däitsche Substandard. Ganz oft, wa mir Sprooche vergläichen, also Lëtzebuergesch mat Däitsch, da maache mer do e bëssen e schife Verglach, well ganz oft vergläiche mer d'Lëtzebuergescht mat deem, wat Standarddäitsch ass oder eebe méi elaboréiert Däitsch. Ech hat awer an esou informelle Sourceë recherchéiert a sou engem däitsche Forum, wou d'Leit eng Äntwert op all Fro kënne kréien, an do e schéint Beispill fonnt: Kann man ausrechnen, wie groß dass man wird. Och hei eng dass-Verstäerkung – am Däitschen! S: A wéi war dat elo mam dass, datt? Also do war ech mer elo net sécher, du hues heiansdo 'dass' gesot, heiansdo 'datt', mee et geet jo béides, gell? C: Absolutt, den 'dass' an den 'datt', do geet béides. Mee vläicht maachen ech do nach eng Kéier eng Eenzelepisod driwwer, well do hunn ech och e puer sexy Zuelen a Fakte fir Iech. S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

Episode thumbnail for Bauerefra

June 29, 2026

Bauerefra

Dës Kéier geet et ëm Fraen, déi an der Landwirtschaft schaffen a Begrëffer, déi méi oder manner kloer sinn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht? C: Ech si virun e puer Wochen an d'Gespréich komm mat enger Persoun iwwer eng Bezeechnung a vläit froen ech dech emol, oder eis Nolauschterer an Nolauschterinnen: Wéi nenns du eng Fra, déi an der Landwirtschaft schafft? S: _____ C: Ech sinn op dëst Wuert gestouss am Kader vum internationale Joer vun de Fraen an der Landwirtschaft 2026. Et geet do ëm Fraen, déi Betriber leeden oder hëllefen a gläichzäiteg nach Famill an/oder aner Rollen iwwerhuelen. An do ass dann d'Fro opkomm: Wéi solle mer se nennen? Wéi nennt een e weibleche Bauer am beschten? Well: Eng Bauerefra ass numol a sech ondäitlech oder op d'mannst ambigu. S: Wéi mengs de dat? C: Komm mer kucke mol de männleche Fall: Am Duerf wunnt e Bauer, de Bauer huet 150 Kéi, iwwerhaapt kee Problem. Wa mer awer elo iwwerleeën, wéi eng Fra heescht, déi dëse Beruff ausüübt, da gëtt et e bësse méi komplizéiert. Elo kann een natierlech soen, a jo, mee et gëtt de Begrëff Bauerefra. Mee bei der Bauerefra schwéngt awer och ëmmer e bëssen eng Liesaart mat, déi mer matrimonial nennen. Dat heescht, déi huet och eppes mat Mariage ze dinn an net just mam Beruff. Och d'Fra vum Bauer ass dann eng Bauerefra, och wa se vläit en anere Beruff huet oder d'Famill managt. Insgesamt huet een och d'Tatsach, dass op engem Haff esou vill Aarbecht ufält, dass déi ganz Famill mathëlleft, also de Mann an d'Fra an d'Kanner a vläicht och nach méi Generatiounen. Mee: An enger moderner Welt hu mer awer net just Männer, déi Bauer kënne sinn, also vläicht och ouni Partnerin, mee mir kënnen och Fraen hunn, déi Bauer kënne sinn, eeben och ouni Partner. A bei der Bauerefra ass et eebe schwiereg, well et huet een iergendwéi am Kapp, dass do dann och ëmmer e Bauer dozougehéiert. S: Ass dat an anere Sprooche méi einfach? C: Am Däitschen hätte mer do e Wuert wéi Bäuerin oder Landwirtin, am Engleschen häss de dat souwisou net markéiert, well do huet ee "farmer", dat kann he oder she sinn. S: Oder female farmer. C: Jo. Awer bei der Bauerefra ass dat e bësse méi komplizéiert. An ech si mer ganz sécher, wann een elo eeler Leit freet, wéi heescht eng Fra, déi Bauer ass, da soe se Bauerefra. A wann ech dann awer Leit froen, déi och schonn e bësse méi al sinn, dann hunn ech gesot, jo, mee stell der eng Welt vir, wou dat keng Koppel ass, mee wou et einfach eng Fra ass, déi aleng esou e Bauerenhaff féiert. An dann hunn ech gefrot, wéi een dat géif ausdrécken an do krut ech als Äntwert: Si ass Bauer. S: Also de männleche Begrëff. C: Hei si mer lo bei engem geneeresche Maskulinum, dass ee quasi seet, jo, mee de Beruff u sech, deen ass numol d'Grondform an d'Grondform ass dann déi maskulin. Mee ech hunn d'Gefill, do ass awer iergendeng Nuance, déi feelt. A fir ze kucken, wéi dat dann an den alen Dictionnairë steet, sinn ech an de WLM kucke gaangen. Dat ass en Dictionnaire vun 1906. An do ass d'Bauerefra iwwerhaapt net dran. S: Wierklech net? C: Do ass generell iwwerhaapt keng weiblech Form vum Bauer dran. Allerdéngs, wat ech do fannen, ass de Bauerejong an d'Baueremeedchen. An do steet awer just Landbursche als Iwwersetzung oder Landmädchen. Dat kënnen dann natierlech och einfach déi sinn, déi um Land wunnen, déi vläicht elo net direkt aus enger Bauerefamill kommen. Do ass och d'Wuert Baueremoud ze fannen (Bauernmode), an do steet am iwwer honnert Joer alen Dictionnaire, "im Gegensatz zum guten Geschmack der Städter". Do hu mer dann einfach de Kontrast zu Bauereleit, déi sech manner gutt kleede wéi déi, déi an der Stad wunnen. Do ass iwwregens dee wonnerbare Sproch bei der Baueremoud (ech erënneren drun 1906): Blo a Rout ass Baueremoud. Dat heescht, wann ee Blo mat Rout kombinéiert, dat maache just d'Baueren esou. S: … a Barcelona. C: Jo, och am Futtball! An och am alen Dictionnaire, am LWB, am Luxemburger Wörterbuch. Do si mer elo bei 1950 bis 1975 am Zäitraum. Do steet d'Bauerefra an d'Bauerefrächen einfach als 'Bäuerin'. D'Fro ass awer, ob et zu där Zäit och Frae gouf, déi ouni Mann als 'Bauer' geschafft hunn. Mee och haut steet just d'Bauerefra am LOD, mat den Iwwersetzungen DE Bäuerin oder FR paysanne, agricultrice an och den Hiweis "männlech Form = Bauer". Also do ginn se am Fong och equivalent gesat zu, wann de Mann de Beruff huet, ass et e Bauer, a wann d'Fra de Beruff huet, ass et d'Bauerefra. Awer, wéi gesot, et gëtt do esou eng Nuance, dass hei net ganz kloer ass, ob et elo just seng Fra ass oder ob dat och hir Beruffsbezeechnung ass. Elo kann een natierlech ëmmer soen, dat ass wäit hiergeholl, mee dat ass eng Ambiguitéit bei der weiblecher Variant, déi bei der männlecher Variant net besteet. Beim männleche Bauer gëtt sech déi Fro net gestallt. Dee steet just fir de Beruff an d'Eenzelpersoun, och als Jonggesell. S: Jo, dat ass wouer. Benotzen da vill Leit "Bauerefra"? C: Et gëtt vill Leit – och Bauerefraen, mat deenen ech geschwat hunn, déi sech guer net dodrunner stéieren. Generell begéinen ech d'Bezeechnung Bauerefra op verschiddene Plazen. Also dat kann eemol en Opruff sinn, fir esou en Haff opzemaache fir Schoulkanner, dass dann do steet "Dir sidd eng Bauerefra oder e Bauer an Dir wëllt d'Schoulkanner Äre Beruff an d'Landwirtschaft méi nobréngen?" Oder et steet hei am Lifelong Learning Katalog fir Beruff an Handwierk, dass een eng Carrièresentwécklung ka maache fir eng Weiderbildung "Bauer a Bauerefra" (direkt an der Béidnennung). Also et ass op alle Fall en etabléierte Begrëff, mee ech wëll just nach eng Kéier drop hiweisen, dass een eeben déi matrimonial Liesaarten och huet. S: Gëtt et do och en anert Beispill? C: Ma fréier has de bei der Doktesch eng matrimonial Liesaart, dass d'Doktesch eeben d'Fra vum Dokter ass, einfach duerch de Mariage, si hat deemools näischt mam Beruff ze dinn an deem Sënn. Haut gëtt dat awer kaum nach benotzt, well eeben och vill Frae Medezin studéieren (ech muss elo soen: studéieren dierfen) an elo Doktesch sinn, vum Beruff hier an net well se mat engem bestuet sinn! S: A jo. Mee Bauerefra, ass dat dann elo als Begrëff ok? C: Fir déi meescht Leit ganz sécher. Mee et huet eeben ëmmer déi Onkloerheet vun "d'Fra vum Bauer" oder eebe méi allgemeng "eng Fra, déi Bauer ass" an déi ass net ëmmer däitlech ze trennen. Mee et ass, wéi bei villen anere Saachen, emol derwäert, driwwer nozedenken. Et geet och ni ëm eng Sproochpolice oder d'Ofschafe vu Bezeechnungen. Et ass einfach interessant ze gesinn, wéi gesellschaftlech Entwécklunge sproochlech ofgebilt ginn a wéi dat an der Sproochgemeinschaft verhandelt gëtt. Well d'Sprooch ass jo fir de Mënsch do an dat ass dat Schéint dodrun! S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

Episode thumbnail for Dialekt

June 22, 2026

Dialekt

Dës Kéier geet et ëm d'Fro: Ass Lëtzebuergesch eng Sprooch oder en Dialekt? S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat ass eist Wiwi-Wuert vun haut? C: Ech hunn eppes Passendes erausgesicht fir den Nationalfeierdag! Wat mengs du, Simon, wourop ass de Stacklëtzebuerger besonnesch stolz, oder eeben houfreg? S: ____ C: An natierlech d'Sprooch! Mäi Wuert vun haut ass awer net Sprooch, mee: Dialekt … an déi grouss Uspanung beim Wuert Dialekt, wann et ëm d'Lëtzebuergescht geet. S: Ass Dialekt da falsch? C: Et spillt eng Roll an ech wëll haut awer e bëssi Kloerheet an dëse Begrëff bréngen, grad wann et ëm d'Lëtzebuergescht geet. Et geet mer och ëm de Kontext, an deem eng Sprooch benotzt gëtt an do ass et net schlecht, vläit eng Kéier e puer Elementer méi no ze kucken. Mir ass et am Ausland dann och schonn esou gaangen, dass ech hu missen erklären, ob a firwat Lëtzebuergesch dann elo eng Sprooch ass resp. wat et vun engem däitschen Dialekt ënnerscheet. A vläit kruten eis Nolauschterer an Nolauschterinnen déi Fro och scho gestallt (oder hu se sech selwer gestallt), sou datt een elo e puer Eckpunkte kritt fir dës Diskussioun. Dat soll och guer net ideologesch oder politiséiert sinn, mee einfach faktebaséiert aus linguistescher Perspektiv. S: Dat kléngt spannend! Do bass du jo déi richteg Fachfra dofir! C: Absolut! Fir d'Definitioun: En Dialekt ass eng regional Sproochform, déi haaptsächlech mëndlech benotzt gëtt an an deene meeschte Fäll als Mammesprooch geléiert gëtt an net an der Schoul oder an engem aneren norméierte Kontext. Am Däitschen nennt een déi sproochlech Form och 'Mundart', se steet am Kontrast zur Standardsprooch, déi souzesoen en Daach bilt, ënner deem vill Mundaarten oder eeben Dialekter ze fanne sinn. A wa mer lo op d'Geschicht vum Lëtzebuergesche kucken, dann ass et esou, dass d'Lëtzebuergescht – vu sengem Ursprong gesinn – e muselfränkeschen Dialekt ass, als Deel vum Westmëtteldäitschen, wann een dat elo geografesch a strukturell wëll agrenzen. S: Also awer Dialekt? C: Genealogesch jo, also vun der Sproochfamill. Mee et gëtt e risegroussen Ënnerscheed zu all deenen aneren däitschen Dialekter, déi mer kennen, an zwar dass mer den "däitschen Daach" net méi hunn, et kee Kontinuum méi gëtt zum Däitschen. S: Wat mengs de mat "Kontinuum"? C: Kuck, am Bewosstsinn vun de Leit si Lëtzebuergesch an Däitsch zwou getrennt Sproochen. An dat ass ganz anescht, wann s du elo een hues, deen Tréierer Platt schwätzt, soe mer mol, dat wier dann och eeben deem säi muselfränkeschen Dialekt, dee kann awer graduell méi no um Dialekt schwätzen oder méi no um Standarddäitschen. E ka méi oder manner kompetent a sengem Dialekt sinn a beweegt sech graduell op engem Kontinuum tëscht Basisdialekt an dem Standarddäitschen (och wann d'Extreemer selte sinn). An dat kann ee mam Lëtzebuergeschen net. Ech hunn do mer ganz gären eng Tournure vum Peter Gilles, deen ëmmer seet, d'Lëtzebuergescht ass e muselfränkeschen Dialekt, dee sech emanzipéiert huet, well en eeben net méi ënnert dem Mantel vum Däitschen ass, mee well et sech als Sprooch verselbstännegt huet. Et ass en eegene System ginn, ech schwätzen dann entweeder Lëtzebuergesch oder Däitsch, net graduell. S: Also awer eng Sprooch? C: Kuerz Äntwert: Jo. An dat kanns de dann natierlech och politesch kucken, mat dem Sproochegesetz vu 1984. Mee ech verstinn awer Leit, déi soen, jo mee dat ass just e Stéck Pabeier. Awer och insgesamt vun der Kultur hier ass et méi eng Sprooch: Et huet eng eegen Orthografie, et huet eng eege Literatur, vill Prestige, ass vu villen d'Mammesprooch. D'Lëtzebuergescht ass och net situativ ageschränkt. Dat heescht, du kanns et iwwerall schwätzen. An Däitschland, par contre, häss de awer vill Plazen, wou et net ubruecht wier, Dialekt ze schwätzen, wou s de dann éischter géifs Standarddäitsch schwätzen. An dofir gëtt et méi Unzeechen, fir d'Lëtzebuergescht als Sprooch ze gesinn, onofhängeg vun deem Text vun 1984, wat de politesche Status festleet. Mee et ass eeben eng jonk Sprooch a mir maache leider oft de Verglach mat eise 'groussen' Noperen wéi dem Däitschen an dem Franséischen – do ass et natierlech eng aner Geschicht, se hunn do Millioune vu Spriecher a Spriecherinnen an eng laang Kulturtraditioun vum Schreiwen a vum Schwätzen. S: Mir sinn also eng Sprooch an de Kannerschong. C: Jo, dat kann een am Verglach esou soen. Eng jonk europäesch Sprooch. Et hëlleft natierlech, dass mer och e Land sinn an d'Sprooch am Land selwer gutt ugesinn ass. Kuck, du géifs jo lo ënner Lëtzebuerger ëmmer Lëtzebuergesch schwätzen an et och denge Kanner bäibréngen. Dat stäerkt. En aneren Indice, dass et eng Sprooch mat vill Prestige ass, ass, dass ëmmer méi Leit et als Zweet- oder Friemsprooch léieren. S: Jo, dat mierken ech och an de Schoulen a bei deene Jonken. C: Awer wann s de natierlech sees, wou mer sproochlech hierkommen a wéi mer als Sproochstruktur eeben opgestallt sinn, da si mer natierlech net esou wäit vun enger muselfränkescher Varietéit ewech, wéi ech léiwer géif soen. Et ass eeben eng kleng Sprooch, déi nach net ganz esou standardiséiert ass wéi verschidden Nopeschsproochen. Dofir sinn ech och ganz gespaant, wéi de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen an der Schoul wäert weidergoen a wéi d'Sprooch weider standardiséiert gëtt, oder net. S: Jo, do sinn ech effektiv och gespaant! C: Mee lo soen ech just nach "Vive!" an da si mer duerch fir haut. S: Villmools merci, Caroline, fir deng Erklärungen a mir freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

95 total episodes available

Recent guests on E puer Wierder iwwer Wierder

Guests from recent episodes — sign up to see every guest that has ever appeared on this show.

Caroline Döhmer

Guest

Similar Podcasts

Discover related shows you might enjoy

Deep-dive analytics for E puer Wierder iwwer Wierder

Frequently asked questions

Have a different question and can't find the answer you're looking for? Reach out to our support team by sending us an email and we'll get back to you as soon as we can.

What is E puer Wierder iwwer Wierder?

D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.

How often does this podcast release new episodes?

This podcast updates daily.

Where can I listen to this podcast?

This podcast is available on 4 platforms including Apple Podcasts, Spotify, and more. You can also use the RSS feed directly.

Does this podcast accept guests?

Yes, this podcast regularly features guests.

Legal Disclaimer

Pod Engine is not affiliated with, endorsed by, or officially connected with any of the podcasts displayed on this platform. We operate independently as a podcast discovery and analytics service.

All podcast artwork, thumbnails, and content displayed on this page are the property of their respective owners and are protected by applicable copyright laws. This includes, but is not limited to, podcast cover art, episode artwork, show descriptions, episode titles, transcripts, audio snippets, and any other content originating from the podcast creators or their licensors.

We display this content under fair use principles and/or implied license for the purpose of podcast discovery, information, and commentary. We make no claim of ownership over any podcast content, artwork, or related materials shown on this platform. All trademarks, service marks, and trade names are the property of their respective owners.

While we strive to ensure all content usage is properly authorized, if you are a rights holder and believe your content is being used inappropriately or without proper authorization, please contact us immediately at hey@podengine.ai for prompt review and appropriate action, which may include content removal or proper attribution.

By accessing and using this platform, you acknowledge and agree to respect all applicable copyright laws and intellectual property rights of content owners. Any unauthorized reproduction, distribution, or commercial use of the content displayed on this platform is strictly prohibited.