Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.
Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Geopolitesch Spannungen, wirtschaftlech Ofhängegkeeten an d'Zukunft vum europäesche Bannemaart: Europa steet virun der Erausfuerderung, seng strategesch Onofhängegkeet ze stäerken, ouni sech vum Rescht vun der Welt ofzekapselen.
Fir iwwer d'europäesch Souveränitéit ze diskutéieren, hat de Bryan Ferrari dräi Experten op Besuch. De William Telkes ass Chief Economist bei der Spuerkeess, den Dennis Wernerus ass Vertrieder vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg an den Yves Germeaux ass bei der FEDIL fir den Handel an international Relatioune responsabel.
Si analyséieren, wéi Europa seng Ofhängegkeeten an de Beräicher Energie, Technologie a Verdeedegung reduzéiere kann, firwat e staarke Bannemaart an d'Mobiliséierung vu Kapital entscheedend sinn, a wéi eng Roll d'K.I., d'Innovatioun an d'Reglementatioun fir d'Kompetitivitéit vun Europa spillen.
11 Nov 2026
Essentials - Déi europäesch Souveränitéit
Wëllkomm bei Evergreens Essentials.
D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen.
All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut kucke mer op d'Fro vun der europäescher Souveränitéit.
Du wëlls méi iwwert dëse Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Kann Europa op eegene Féiss stoen?" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, ab dem Freiden, 13. November.
17 Jul 2026
Tëscht Euphorie a Realitéit
K.I.-Euphorie, Rekordbewäertungen, Zentralbanken am Ëmbroch an eng nei Dynamik op de Finanzmarchéen: Dat éischt Hallefjoer huet gewisen, wéi séier sech Optimismus a Skepsis kënnen ofwiesselen.
Fir e Bilan vun de leschte séchs Méint ze zéien, hat de Bryan Huberty dräi Experte vun der Spuerkeess op Besuch. De Julien Ensch ass Head of Client Relationship Management, den Nick Huberty ass Sales Trader an de Julien Kohn ass Investor Relations Manager.
Si analyséieren, firwat d'Semiconductoren an d'K.I. d'Marchéen dominéieren, wéi eng Roll Gold, Energie a Japan an der aktueller Entwécklung spillen, a wat sech mat den Zentralbanken an Europa an den USA verännert.
Who has been a guest on Evergreens by Spuerkeess
Names identified in recent episode analyses. Showing up to five guests.
Nick Huberty
Julien Kohn
Julien Ensch
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
4.7 / 5
14 ratings
Contact Evergreens by Spuerkeess
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of Evergreens by Spuerkeess?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine