D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Gérard Thein
An dëser - vläicht leschter Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi den nach President vun der FJD am Studio: De Gérard Thein. Hien ass awer net nëmme ganz aktiv bei der FJD mee ass och nach bekannt fir säin onermiddlechen Enthusiasmus fir Esch. Donieft huet de Gérard awer och nach ee richtege Beruff an nach ganz vill aner méi oder manner professionell Beschäftegungen. Wéi hien dat mécht fir alles ënnert een Hutt ze kréien, ob hien den nächsten Escher Buergermeeschter gëtt a wat hien dann elo no senger Presidence maache wäert - dat alles a vill méi hu mir mam Gérard beschwat.
Am Ufanks Catch Up geet et beim Georges a Carole des Kéier em den Developpement vum Immobilie Marché zu Lëtzebuerg. An zum Schluss gëtt et dann e bësse méi emotional wann et heescht: "Time to say Goodbye".
Lauschtert eran.
20 Jul 2026
FJD Business Bistro S3#8 - Xin Yuan
Xin Yuan
Hannert d’Kulisse vun Amazon Lëtzebuerg
Dëse Mount gëtt et ganz international beim FJD Business Bistro. Mir sinn immens frou d’Xin Yuan ob Besuch ze hunn – eent vun em déi 50 rare Lëtzebuerger déi bei Amazon zu Lëtzebuerg schaffen. Hatt ass Category Leader an gëtt eis een exklusive Bléck hannert d’Kulisse vum gréissten Employeur vum Kierchbierg. Wann Dir also wësse wëllt firwat PowerPoints out sinn oder awer firwat et an den eischten 10 Minutte vun engem internen Amazon Meeting ëmmer ganz roueg ass – da lauschtert eran.
Am Ufanks Catch-Up bleiwe mer international an mir schwätzen iwwer 2 Léit déi de Georges an d’Carole impressionéiert hunn – ob déi eng oder aner Aart: d’Katy Perry an de Lenny Kravitz. Bei weem de Georges an der éischter Rei stoung an sech ee T-shirt kaf huet…alles wichteg Froen ob déi mir an dëser Episod äntweren.
Et ass also wei ëmmer der Wäert fir eranzelauschteren.
Enjoy!
10 Jun 2026
S3#7 - Maxim Straus
Maxim Straus
Straus oder Strauss – that’s the question.
Mir fänken dësen FJD Business Bistro mat der grousser Fro u firwat de Georges esou midd ausgesäit. Wann een da bis weess dass hien den Dag virdru réischt vum faméisen FJD Study Trip zeréck koum, da versteet een. E bësse Gossip gëtt natierlech och erzielt, ier de Georges an d’Carole e bësse mei philosophesch ginn an iwwer richtege Räichtum schwätzen a wat dëst eigentlech ausmëscht. Als smoothen Iwwergang fir bei eise Gaascht verréit de Georges eis och nach, waat hie fir d’lescht online kaf huet a wou.
Zu Gaascht ass an dëser Episod de Maxim Straus - CFO a Vice President vun der Cargolux. Mat him schwätze mer driwwer wéi hien ob déi Plaz koum, wei de Marché ausgesäit a wou en sech wäert hindeveloppéiren. Wat sinn d’Trends bei den Transportfligeren a ween wäert se als éischt ëmsetzen: Boeing oder Airbus.
Eng immens interessant Episod wou jiddereen eppes bäiléiere kann. Definitiv der Wäert fir eranzelauschteren.
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
5.0 / 5
13 ratings
Contact FJD presents: Business Bistro
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine