«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech.
Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.
Eng weider Episod, déi e bëssen anescht ass wéi dat wat dir gewinnt sidd. Dës Kéier hu mir eise Podcaststudio an de Park Gerlache zu Déifferdeng verluecht, wou de 6. Juni 2026 de Live am Park stattfonnt huet. Bei dësem gratis Event hu sechs Museksveräiner aus dem Land fir eng flott Ambiance gesuergt, wärend och zwee Filmer ënner fräiem Himmel gewise goufen.
Mir hunn d’Geleeënheet genotzt, fir mat Vertrieder vun de verschiddene Veräiner iwwert de Live am Park ze schwätzen, mee och iwwert hiren Enn vun der Saison, hir Projeten an dat, wat an der nächster Saison alles geplangt ass.
Interviewt goufen: Ralph Massard vun der Harmonie Uewerkäerjeng, Stéphanie Perna vun der Fanfare Nidderkuer, Georges Engel vun der Harmonie Zolwer, Mike Schneider vun der Nojemer Musek, Glenn Hopfeld a Gilles Simon vu "La Lyre" Helleng, souwéi de Jeff Kaufmann vun der Klengbettener Musek.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Gilles Krein
Opgeholl de 6. Juni 2026 beim Live am Park am Park Gerlache zu Déifferdeng.
29 May 2026
Episod 14 - Eugène Schmitz
An dëser neier Episod vun eisem Podcast schwätze mer mam Eugène Schmitz, och Usch genannt. Den Usch huet an der Déifferdenger Musek ugefaangen mam Hautbois a spillt de Moment Saxofon Tenor. Do dertëscht huet en och Saxofon Bass a Pauke gespillt. Hie war och a villen anere Museksveräiner, ënnert anerem zu Nidderkuer an der Fanfare, zu Rodange, Lamadelaine a zu Biekerech an der Musek. Eng Folleg déi Dir op kee Fall verpassen dierft. Lauschtert eran!
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Gilles Krein
Technik: Michel Pereira
Opgeholl den 22. Abrëll 2026 am Musekssall vun der HMD.
1 May 2026
Speziell Episod - 1. Mee Feier
Eng liicht aner Episod wéi dat wat dir gewinnt sidd. Haut hu mir eise Podcaststudio an d'Natur bruecht fir kënnen "live" vun eiser 1. Mee Feier Andréck ze sammelen. Den 1. Mee feiert d'Déifferdenger Musek traditionnell zesummen mat de Lanz Bulldog Frënn an dem Gaart an Heem Uewerkuer an haut hu mir Musikanten an och net Musikante gefrot wat si vum éischte Mee an eisem Veräin halen.
Sinn interviewt ginn: Sam Hermes, Raphael Mosar, Michel Meisch, Réjane Nennig, Fuang-Fa Weber, Elisa Bucarini, Louis Alves a Gonçalo Martins Enes.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Opgeholl den 1. Mee 2026 an de Schrebergäert vum Gaart an Heem Uewerkuer.
30 Mar 2026
Episod 13 - Véronique Bernar - Abléck an de Programm vum nächste Concert
An dëser Episod schwätze mir net iwwert d'Geschicht vum Veräin an och net vun den Anekdote vun eise Memberen, mee mir diskutéiere mat eiser Cheffin Véronique Bernar iwwert de Programm vun eisem nächste Concert Dreams & Fantasy (https://www.stadhaus.lu/agenda/detail/hmd-dreams-and-fantasy), deen de 17. Mee 2026 am Kulturzentrum Aalt Stadhaus stattfënnt.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Gilles Krein
Technik: Michel Pereira
Opgeholl den 30. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.
Kapitelen:
01:16 Titel vum Concert
10:09 The Lone Ar-ranger - Philip R. Buttall
12:23 Opbau vum Concert
19:13 Imagasy – Thiemo Kraas
23:20 Morpheus – Randall D. Standridge
32:54 Fables and Fantasies – Willy Fransen
33:57 Rapunzel – Bert Appermont
39:36 The Engulfed Cathedral – Claude Debussy / arr. José Schyns
43:10 The Irish Washerwoman – Leroy Anderson
46:33 Schluss
12 Mar 2026
Episod 12 - Fränz Goergen - Deel 3
No bal engem Joer hu mir nei Episoden opgeholl an mir fueren do virun wou mir déi leschter Kéier opgehalen un. De Fränz Goergen verréit eis wéi schwéier et war nodeems den Asca Rampini opgehalen huet.
An 10 Joer hat d'HMD 4 nei Dirigenten an och 4 nei Präsidenten, bal e Rekord fir eise Veräin.
Mat dëser neier Folleg hu mir och en neien Animateur. Dat ass keen aneren wéi eise fréieren Dirigent an aktuelle Perkussionist Gilles Krein.
Lauschtert séier eran!
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Gilles Krein a Michel Pereira
Opgeholl den 6. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.
21 Feb 2026
Episod 11 - Martine Goergen - Deel 3
An dëser Folleg schwätze mir eng drëtten a leschte Kéier mam Martine Goergen. Mir diskutéiere vun den Dirigenten ënnert deenen d’Martine scho gespillt huet. D’Rekrutement vu ganz jonke Musiker an och d'First Band gëtt erwähnt an zum Schluss kommen mir och kuerz op eis Concertsrees am Abrëll 2025 zu Penzberg zeréck.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Technik: Dominique Mosar
Opgeholl den 19. Abrëll 2025 am Musekssall vun der HMD.
9 Oct 2025
Episode 10 - Fränz Goergen - Part 2
An dëser Episod schwätze mer mam Fränz Goergen iwwert d'Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume an iwwert d'Déifferdenger Big Band, mee virun allem schwätze mir vum Asca Rampini, deen Dirigent vun der Jugendmusek war an duerno vun 1965 bis 1980 de Chef vun der Déifferdenger Musek.D'Episod hält op mam Enn vun der Rampini Ära.Eng Episod déi dir op kee Fall dierft verpassen. Dofir lauschtert eran!Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel Pereira Technik: Dominique Mosar Opgeholl den 19. Abrëll 2025 am Musekssall vun der HMD.
26 Sept 2025
Episode 9 - Gilles Krein - Part 3
An dëser drëtter a leschter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert seng bescht Erënnerungen als Dirigent an der Déifferdenger Musek a wéi et ass Dirigent ze sinn an deem Veräin wou een opgewuess ass.Mir erwänen och de Moment wou hien als Dirigent bei eis opgehalen huet, säi Retour als Perkussionist, mee schwätzen awer och iwwert seng Zukunft an déi vum Veräin.Dëst ass och déi längste Folleg vun eisem Podcast, deemno zaapt iech e Kaffi a mir wënschen vill Spaass beim Nolauschteren.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraTechnik: Dominique MosarOpgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.
31 Jul 2025
Episode 8 - Gilles Krein - Part 2
An dëser zweeter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert säin Ufank als Dirigent vun der Jugendmusek an duerno vun der HMD. Wéi et war als 19 Joer jonke Mann vun hannen an der Perkussioun, vir op d'Dirigentepult stoen ze kommen.
Mir schwätzen vill iwwert seng haut legendär Ouverturen, mee och iwwert seng aner Kompositiounen an Arrangementer.
Mir verroden iech elo schonn datt nach en drëtten Deel nokënnt.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Technik: Dominique Mosar
Opgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD
18 Jul 2025
Episode 7 - Gilles Krein - Part 1
Haut schwätze mir mat eisem Perkussionist Gilles Krein. De Gilles an net nëmme Perkussionist, mee war Dirigentin vun eiser Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume a virun allem Dirigent vun der Harmonie Municipale tëscht 2015 an 2023. De Gilles ass e Keeler Jong, deen zu Esch an de Lycée gaangen ass, op Péiteng an d'Museksschoul, an d'Stad an de Conservatoire an op Déifferdeng an d'Musek.
An dëser éischter Folleg mam Gilles geet et virun allem ëm säi musikalesche Parcours an der Déifferdenger Musek, mee och iwwert säi Studium.
Vill Spaass beim nolauschteren.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Technik: Dominique Mosar
Opgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.
3 Jul 2025
Episode 6 - Martine Goergen - Part 2
Martine Goergen discusses her work with the committee and activities of the association, including her perspective as the president's wife, in this interview episode.
17 Apr 2025
Episode 5 - Martine Goergen - Part 1
An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir mam Martine Goergen. D’Martine huet 1998 mat der Musek ugefaangen a spillt haut Flütt an der HMD. Hatt ass och schonn iwwer 15 Joer Member am Comité an ass ënner anerem zoustänneg fir d’Gestioun vun eisen Instrumenter. D’Martine erzielt eis säi ganze Parcours innerhalb mee och ausserhalb vun der Déifferdeng Musek. Dëst ass déi éischt vun dräi Episode mam Martine. Mir hoffen se mécht Iech Spaass.
3 Apr 2025
Episode 4 - Raphael Mosar - Part 2
Haut hu mir nees d'Éier eise Viizepräsident ze begréissen. De Raphael Mosar ass fir eng zweet Episod dobäi, leschte Kéier war net genuch Zäit fir seng laang Geschicht an der Déifferdenger Musek ze zielen.
6 Mar 2025
Episode 3 - Raphael Mosar
Haut hu mer héije Besuch, de Raphael Mosar, eis Vizepresident kënt mat eis schwätzen. Heen huet bei eis 2004 um Saxophon ugefaang an huet sech vu Jugenmuseker bis zum Vizepresident rop geschafft. Wéi et komm ass dass en als Teenie awer bal opgehal hätt a vill méi gitt der dës Folleg gewuer.
13 Feb 2025
Episode 2 - Neckel Elsen
Episod 2 – Nicolas Elsen
An dëser zweeter Episod hu mir e Generatiounewiesselen a mir schwätzen mam Nicolas Elsen och am Veräin Néckel genannt. Hien huet virun ongeféier 20 Joer an der Harmonie Prince Guillaume, d’Jugendmusek vun der HMD, ugefaangen. Hien erzielt eis ënner anerem wéi et dozou komm ass datt hien Trombonn spillt an iwwert d’Reesen déi mir mat deenen zwee Veräiner gemaach hunn. Loosst iech dëst Episod net entgoen.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Technik: Dominique Mosar
Opgeholl den 11. Januar 2025 am Sonotron.
31 Jan 2025
Episode 1 - François Goergen
Episode 1 - François Goergen
Haut schwätze mir mam Fränz Goergen. Doduerch dass hee säit 70 Joer bei eis am Veräin ass hat hien ass vill ze Zielen. An dëser éischter Folleg mat him geet vu sengen Ufäng bis an 70er Joren. Mer kréie vu witzegen Anekdote wéi si zum Beispill als Bouwen an Italien op ee Concours gefuer si bis hin zu de schwéieren Zäiten em de Schluss vum Camille Roilgen, alles gezielt, an de Fränz hëlt kee Blat virun de Mond!
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
5.0 / 5
5 ratings
Contact Haut, Muer an Deemools
Guest appearances
Does not typically book guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of Haut, Muer an Deemools?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine