Um Programm vun dëser Episode:
0:00 – Intro
0:45 – Reportage (LU)De Paul Schroeder (I-CN), d'Joffer Chloé an de Schoulmeeschter Yan erzielen, wéi hir Schüler mat Minecraft an der VR-Brëll Monumenter bauen an erliewen.
10:55 – École nationale de santé (LU)D'Anne Collé an de Robert Kanz weisen, wéi virtuell Realitéit an der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer agesat gëtt.
22:15 – Carte Blanche (LU)De Jerry Medernach, Sportwëssenschaftler, iwwer „de Kapp am Sport" — Entscheedungen, Kreativitéit an d'Roll vun der Erfarung.
28:43 – Wosst der schonn…? (LU)De Claude Scheuer stellt den neie Léierplang „Beweegung a Gesondheet" vir, deen ab September am Cycle 1 an 2 a Kraaft trëtt — mat sechs neie Kompetenzberäicher.
Accompagnement en compétences numériques
22 Jun 2026
S3 EP 05: Schoul Dobaussen | CB Dominic Harion
Um Programm vun dëser Episode:
0:00 - Intro
1:59 - Reportage (LU)
Zwou Léierinnen erzielen aus hirem Alldag mam Dobaussenunterrécht.
Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
12:24 - Andrea Fiedler, Projektleiterin von FuDo und Weiterbildnerin, beleuchtet das Thema aus wissenschaftlicher Sicht (DE).
Transkription / EN translation / FR traduction
21:30 - Dräi Froen un... (LU)
Wéi gëtt den Dobaussenunterrecht institutionell begleet a gefërdert? De Joa Baum, Direkter vun der Regionaldirektioun 10, deelt seng Perspektiv dozou.
Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
24:28 - Carte Blanche (DE)
Dominic Harion (IFEN) beleuchtet Chancen, Grenzen und praxisnahe Einsatzmöglichkeiten generativer KI im Unterricht.
Transkription / EN translation / FR traduction
30:30 - Wosst der schonn...? (LU)
Den i-CN Joël Wealer deelt konkret Recommandatiounen a praktesch Beispiller, wéi KI-Tools gezielt a sënnvoll am Léierprozess agesat kënne ginn.
32:10 - Outro (LU)
17 Apr 2026
S3 EP 04: Kanner mat spezifesche Besoinen (EF) | 3 questions à Alioune Touré | CB Andreas Bund
Um Programm vun dëser Episode:
0:04 - Intro
1:47 - Reportage (LU)
Eng Enseignante an eng I-EBS ginn Abléck an hir alldeeglech Aarbecht a weisen, wéi Kanner mat spezifesche Besoinen an der Grondschoul begleet ginn.
Transkriptioun / DE Übersetzung, EN translation, FR traduction
8:49 - Dräi Froen un... (LU)
De President vun der CAR (Commission des aménagements raisonnables) deelt säi perséinlecht Erliefnis a seng Visioun vun der schoulescher Inklusioun.
Transkriptioun / DE Übersetzung, EN translation, FR traduction
15:26 - Carte Blanche (DE)
Der Professor Andreas Bund (Uni.lu) beleuchtet die Bewegungsaktivität von Jugendlichen in Luxemburg.
Transkription / EN translation / FR traduction
21:30 - Wosst der schonn...? (LU)
Den IFEN-Formateur Claude Scheuer gëtt konkret a praktesch Recommandatioune fir méi Beweegung am Schoulalldag.
Guichet de l'inclusion scolaire
Projet WIBS
Bewegungsförderung (SCRIPT)
22:55 - Outro (LU)
3 Mar 2026
S3 EP 03: Témoignages EF & ES | Table ronde Wuelbefannen vum Schoulpersonal | CB Janne Fenger
Um Programm vun dëser Episode:
0:07 - Intro
0:39 - Témoignages (LU, FR)
Erfarunge vu 4 professionnellen aus dem Fondamental an dem Secondaire
Transcriptio(u)n / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction
6:02 - Table Ronde (DE)
De Ben Schreiner féiert eng Table ronde mat 7 Experten aus der Educatioun, der Weiderbildung an aus dem personaliséiertem Coaching.
Transkription / EN summary, FR résumé
27:08 - Carte Blanche (EN)
Dr Janne Fengler (Uni.lu) presentéiert eng Carte blanche: How can we prepare children for an everchanging world, new challenges and uncertainty? 🌍
Transcript / DE Übersetzung / FR traduction
22 Jan 2026
S3 EP 02: Reportage LUDIK | Table ronde Ludothéik | CB Julia Strohmer
Um Programm vun dëser Episode:
0:16 - Intro & Teasers
0:50 - Reportage Mersch (LU)
Mir ginn op Besuch an de LUDIK zu Miersch.
Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary, FR résumé
10:48 - Table Ronde (LU)
De Ben Schreiner féiert eng Table ronde iwwer Spillpedagogik an de Ludothéiksprojet zu Woiwer mam Joël Wealer a mam Kris Haas.
Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary / FR résumé
25:10 - Carte Blanche (DE)
D'Julia Strohmer présentéiert eng Carte blanche iwwer d'mentalisierungsbaséiert Pädagogik.
Transkription / FR traduction / EN translation
Um Programm vun dëser Episode:
0:27 - Teasers
1:12 - Reportage Mersch (LU)
Mir ginn op Besuch an d’Klass C4.2 vum Kevin Neuhengen a Jeff Elcheroth.
Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary, résumé en FR
6:17 - Table Ronde (LU)
De Ben Schreiner féiert eng flott Table ronde iwwer Raumgestaltung mam Jo Johanns a Laura Donven.
Transkriptioun / DE Zusammenfassung / EN summary / résumé en FR
30:47 Carte Blanche (FR)
Den Amaury Daele présentéiert eng Carte blanche iwwer Erfollegskrittären an der Weiderbildung.
Amaury Daele présente une carte blanche sur les critères de réussite en formation continue.
Transcription / DE Übersetzung / EN translation
15 Jul 2025
EP12: CAHRE ¦ ITW mam Pavle MADZIROV zum Thema KI ¦ CB Lisa DAVID
An der 12. Epsiode vum IFEN Inspire Podcast stelle mer am Reportagendeel (01:17) CA(H)RE vir, d’Cellule d’Accompagnement pour élèves hospitalisés ou en rémission.
D’Véronique Schons aus der Divisioun vum Leadership ënnerhält sech am zweeten Deel (18:47) mam Pavle Madzirov iwwer kënschtlech Intelligenz am Bildungsberäich.
D’Lisa David, lëtzebuerger Bildungswëssenschaftlerin, déi zu Wien lieft, erkläert ons an hirer Carte blanche (30:27) firwat et wichteg ass säin Handelen am Klassesall stänneg ze hannerfroen.
22 May 2025
EP11: First Lego League Challenge ¦ ITW man Philippe Karch zum Thema Kommunikation ¦ CB Judith Senger
An der 11. Episode vum IFEN Inspire Podcast erwaart Iech am Reportagendeel e Réckbléck op d’First Lego League Challenge 2025. Vu September bis Mee hu mer 2 vun de 66 Schoulklassen dei dëst Joer matgemaach hu begleet. Op der enger Säit d’Sophie Lieser aus der Schoul Wobrecken vun Esch, op der anerer Säit de Marc Ewerling, de Mike Kickert an de Charlie Thill aus der Schoul Lenkeschlei vun Diddeleng.
Am Interviewdeel proposéiere mer iech en Interview mam Philippe Karch, Kommunikatiounstrainer a Coach. Wat mëscht eng gutt Kommunikatioun tëscht dem Léierpersonal ënnerteneen an och mat den Elteren aus? Wat sinn do’s an don’ts wann et ëm de Schrëftverkéier geet? Wei kann eng gutt Kommunikatioun hëllefe Konflikter ze vermeiden? Doriwwer geet et am zweeten Deel.
An der Carte blanche dréint sech dann alles ëm den Theater. D’Judith Senger, Schauspillerin, Regisseurin, Theaterpädagogin a Coach verréit ons firwat et hirer Meenung no wichteg ass, Theater sou vill wéi méiglech an de Schoulalldag ze integréieren.
3 Apr 2025
EP10: Enfants à besoins spécifiques zu Viichten ¦ Table ronde zum Thema "Cybergrooming" ¦ CB Claude SCHEUER Sportsunterrëcht am Fondamentale an am Secondaire
Wéi schonn an der leschter Episod ugekënnegt, gi mer haut an onsem Reportagendeel op Viichten. Hei kucke mer ons e Projet u fir Kanner à besoins spécifiques ze hëllefen. E Projet, deen awer och all deenen anere Kanner an der Schoul ze gutt kënnt an dee virun allem op d’Präventioun setzt.
💬 Am Interviewdeel proposéiere mer iech eng Table Ronde zum Thema Cybergrooming, déi am Kader vum Ciné-Débat an der Escher Kulturfabrik den 28. Januar organiséiert gouf. Gewise gouf de Film Gefangen im Netz.
🏃♂️Zum Ofschloss gëtt et eng Carte blanche mam Claude Scheuer, Sportsproff a Formateur um IFEN, iwwer seng Visioun vum Sportsunterrecht am Fondamentale an am Secondaire. Lauschtert d’Episod hei!
13 Feb 2025
EP09: Kanner mat Léierschwieregkeeten/PIPAS ¦ ITW mam Michèle WEBER a Jhemp BERTEMES vu science.lu ¦ CB Sophie LeDorner iwwert d'Fehlerkultur an de Schoulen
An dëser Episode vum IFEN Inspire Podcast beschäftege mer ons am Reportagendeel mat Kanner mat Leierschwieregkeeten. Wat fir eng Kanner sinn dat? Wei kann e Schwieregkeeten erkennen a wat ass den Ënnerscheed zu Kanner à besoins spécifiques? Wei kann een hinnen hëllefen a wat ass de PIPAS-Projet vum CDA?
Am Interviewdeel schwätze mer mam Michèle Weber a mam Jhemp Bertemes vum Fond National de la Recherche, dem FNR iwwert d’Wichtegkeet vum Science-Unterrecht.
D’Sophie LeDorner, Formatrice um IFEN beschäftegt sech an hirer Carte blanche mat der Fehlerkultur an onse Schoulen.
19 Dec 2024
EP08: Museksunterricht ¦ ITW Sven Foxius ¦ CB Qualitéitsstandarden an der Bildung
Sven Foxius, a renowned education expert, shares insights on quality standards in Luxembourg's education system and the benefits of music in schools, highlighting its positive impact on child development.
29 Oct 2024
EP07: Hospitatioun ¦ ITW Sacha Bachim ¦ politesch Bildung an der lëtzebuerger Bildungslandschaft
Am Reportagendeel, dréint sech alles ëm d’Konzept vun der Hospitatioun. D’Viktoria Boretzka, wat sech hei um IFEN ëm d’Hospitatiounen am Secondaire këmmert, erkläert ons, wat een ënnert deem Konzept versteet, wei et hei am Land an och am Ausland an der Praxis ëmgesat gëtt an och wat fir Méiglechkeeten den IFEN an deem Beräich ubitt. Dozou huet hat sech mat verschiddenen Experten ënnerhalen.
Am Interviewdeel dréint sech alles ëm d’Santé mentale. Vum 7. bis den 20. Oktober wor hei zu Lëtzebuerg dei 4. Editioun vun der Semaine de la santé mentale. An deem Kader huet sech d’Laura Schmit mam Sacha Bachim ënnerhalen, Psychotherapeut an Auteur vun 2 Spiegel-Bestseller.
An der Carte blanche vun haut huet sech de Christian Meyers vun der Uni.lu seng Gedanken doriwwer gemaach, wei et mat der politescher Bildung an der lëtzebuerger Bildungslandschaft steet.
11 Jul 2024
EP06: Churermodell ¦ ITW mam Professer Tarquinio zum Thema Inzest ¦ Diagnostik vu Léierstéierungen
An dëser Episode stelle mer iech de Churermodell vir. Mir hunn en Interview mam Professer Tarquinio vun der Universitéit vu Metz iwwert d’Thema Inzest. An der Carte blanche stellt ons d’Vera Hilger vun der Uni.lu eng Testbatterie a lëtzeboier Sprooch vir Leierstéierungen ze diagnostizéieren vir.
Ëmfro zum Podcast (https://forms.office.com/e/d5qcnESHnV)
De ganzen Interview mam Professer Tarquinio (https://www.developpement-scolaire.lu/?post_type=resources&p=3755&preview=true)
Videoen zum Churermodell (https://www.developpement-scolaire.lu/resources/)
Film "Un silence si bruyant" (https://learningsphere.ifen.lu/course/view.php?id=268)
23 May 2024
EP 05: EdFest ¦ Yoga a Klangpädagogik an der Grondschoul ¦ Europawalen
Am éischten Deel kucke mir zréck op d'EdFest, dat de 4. Mee an de Rotonden zu Bouneweg stattfonnt huet. Am Virfeld hate mer d’Geleeënheet ons ukucken ze goen wat fir flott Projeten an Ideeën all Dag an onse Schoulen ëmgesat ginn. Wat ass blended learning am Lycée, firwat léisst een d’Schüler an d’Schülerinne wärend der Stonn um Vëlo fueren, wei kann een an der Beweegung leieren, wat ass d’Talentfuerderung am Réidener Lycée a wat maachen Hinger a Kanéngercher am Schengener Lycée. Dat alles wäerte mer ons am éischten Deel vum Podcast ukucke goen.
Am zweeten Deel erwaart Iech en Interview mam Isabelle Haas an dem Nathalie Rollin. Si maachen zu Stengefort an zu Käerch Kanneryoga a Klangpädagogik mat de Kanner. Wat bréngt dat de Kanner, wat fir e Material brauch een dofir a wat fir eng schei Momenter hu si erlieft. Dat alles erziele si ons.
An der Carte blanche dréint sech dës Kéier alles ëm d’Europawalen vum 9. Juni. D’Marnie Ecker vum ZPB, dem Zentrum fir politesch Bildung huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.
Weider Informationen:
www.developpement-scolaire.lu (http://www.developpement-scolaire.lu)
28 Mar 2024
EP 04: Outdoor Education ¦ Reflexintegratioun ¦ KI-Kënschtlech Intelligenz
Wei virun all Vakanz kënnt der iech och dës Kéier rem déi neisten Episode vum IFEN Inspire Podcast ulauschteren. Déi éischt Sonnestralen déi sou schei waarm drécke sinn do an et huet e rem richteg Loscht fir erauszegoen. Genau dat maache mir am éischten Deel. Outdoor Education ass d’Stéchwuert an d’Laura Schmit huet sech an de Bëscher an de Schoulgäert ëmgekuckt a war zesumme mat de Klassen an d’Natur.
Am zweeten Deel beschäftege mer ons mat der Reflexintegratioun. Nach ni héieren? Ons ass et genau sou gaangen an dofir si mer bei d’Annette Jaffke gaangen. Wat eng Psychagogin ass a wat si mat Reflexintegration ze dinn huet, dat kann hat ons erklären.
Fir ofzeschléissen gi mer dem Dominique Mangiatordi an onser Carte Blanche d’Wuert. Hie beschäftegt sech mat KI, der kënschtlecher Intelligenz, a wei een déi kann nëtzlech an der Schoul asetzen.
Hei fannt dir weider Informatiounen:
www.developpement-scolaire.lu (https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/ifen-inspire-04-outdoor-education-%C2%A6-reflexintegratioun-%C2%A6-ki/)
8 Feb 2024
EP 03: Raumgestaltung ¦ Museksunterrecht ¦ Schülermotivatioun
Am éischten Deel werfe mer mam Martine Lehnen (IFEN Hospitatiounen), e Bléck a verschidde Klasseräim a Schoulgebaier. Wat ginn et fir Konzepter a Méiglechkeeten de Léierraum ze gestalten?
Musek als Fach an der Grondschoul – en onbeléifte Lückefüller am Stonneplang oder e Fach mat onausgeschöpften Geleeënheeten? Dorëms geet et am zweeten Deel. Den Eric Falchero, Museker an Prof op der Uni.lu steet eis Ried an Äntwert.
Wei gestalten ech Unterrecht, dee fir d’Schüler motivéierend ass. Wat fir eng verschidde Motivatiounstyppe ginn et bei eise Schüler a Schülerinnen? Deene Froe sinn d’Ineke Pit-Ten Cate an den Axel Grund vun der Uni.lu am leschten Deel vum Podcast nogaangen.
Hospitation: Enseigner dans une classe flexible - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284963 (https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284963)
Hospitation: Exploring Reggio-Ateliers - Beautiful Stuff & more - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284954 (https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284954)
Hospitation: Reggiopädagogik - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284953 (https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284953)
Hospitation: Reggio-Pädagogik trifft auf Meditation und Yoga - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284957 (https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284957)
Hospitation: Churermodell im Cycle 4 - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286586 (https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286586)
Hospitation: Churermodell - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284965 (https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284965)
Hospitation: Churermodell à Pétange - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284996 (https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=284996)
Formation: Aménagement des espaces scolaires au service des apprentissages et du comportement à l'école - https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286045 (https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=286045)
Reportage: Enseigner en classe flexible - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/enseigner-en-classe-flexible/ (https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/enseigner-en-classe-flexible/)
Reportage: De Churermodell an der Mamer Grondschoul - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/de-churermodell-an-der-mamer-grondschoul/ (https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/de-churermodell-an-der-mamer-grondschoul/)
Reportage: Raumkonzept an der Reggio-Pädagogik - https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/raumkonzept-an-der-reggio-padagogik/ (https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/raumkonzept-an-der-reggio-padagogik/)
Link zur Studie: https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0959475223001378 (https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0959475223001378)
Buch: https://www.utb.de/doi/10.36198/9783838559759 (https://www.utb.de/doi/10.36198/9783838559759)
20 Dec 2023
EP 02 : Spiller am Unterrecht
Mir waren op der Game On an ons an d’Schoulen ukucken, wei do Spiller an den Asaz kommen.
D’Isabell Baumann an den Dominic Harion vun der Uni Lëtzebuerg analyséieren eng Etude zu dem Thema.
Den Thomas Lenz vun der Uni Lëtzebuerg freet sech op d’Integratioun am lëtzebuergesche Bildungssystem gescheitert . www.developpement-scolaire.lu (https://www.developpement-scolaire.lu)
20 Dec 2023
EP 01 : Interview mam Christian Lamy, Direkter vum IFEN
An dëser Episode : Interview mam Christian Lamy, Direkter vum IFEN, iwwer den neie Kanal " IFEN Inspire Podcast ".
Weider Infoen op www.ifen.lu (https://www.ifen.lu) an www.developpement-scolaire.lu (https://www.developpement-scolaire.lu)
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
5.0 / 5
1 ratings
Contact IFEN INSPIRE PODCAST
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of IFEN INSPIRE PODCAST?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine