De Podcast vun der Fédération des Artisans, an deem seriö Sujeten an engem méi lockere Kader a mam néidege Bëss behandelt ginn. An all Episod empfänkt d’Vize-Präsidentin Alexa Ballmann en neien Invité a schwätzt mat dëser Persoun iwwert e pertinent Thema aus de Beräicher Artisanat an Entreprenariat. Nieft Keyfacts an Insights aus den entspriechenden Dossieren ass och Plaz fir méi pickeg Froen, déi d'Alexa Ballmann vun de Memberen, der Press oder vun aneren Akteuren um Lëtzebuerger Marché opgräift. E Podcast produzéiert vum Studio J.
Publisher
Fédération des Artisans | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
#9 Aarbechtsbezéiungen: Si Win-Win Situatiounen zu Lëtzebuerg méiglech?
Wéi moderniséiere mir d'Aarbechtsbezéiungen zu Lëtzebuerg?
D'Alexa Ballmann schwätzt mam Aarbechtsminister Marc Spautz iwwer Aarbechtszäit, Kollektivverträg, Mindestloun, KI an d'Zukunft vun der Lounaarbecht. A virun allem: Produzéiert eis Sozialpartnerschaft nach Léisungen – oder blockéiert si Reformen?
Kommt mol an de Büro!
28 May 2026
#8 Eng Entreprise kafen oder verkafen
Eng Entreprise verkafen oder iwwerhuelen – dat kléngt oft no Zuelen a Kontrakter.
Mee am Handwierk geet et meeschtens ëm vill méi: ëm Vertrauen, Verantwortung an d'Fro, wéi e Liewenswierk weidergeet.
An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Joubin Bashiri vun Tenzing Partners iwwert déi grouss Froen hannert dem Kaf a Verkaf vun Handwierksbetriber – konkret, éierlech a mat Ablécker aus der Praxis.
11 Dec 2025
#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk
Alexa Ballmann interviews Goy Grosbusch and Jean-Marc Sertic about the increasing cyberattacks on craft businesses, discussing emergency responses and preventative measures to secure businesses for the future.
23 Sept 2025
#6 Wou sti mir, Här Premierminister?
Prime Minister Luc Frieden discusses the end of the social dialogue, pension issues, economic recovery, and independent worker concerns in an interview.
24 Jun 2025
#5 Wirtschafts- oder Sozialkris?
Michel Reckinger, President of Union des Entreprises Luxembourgeoises, discusses the balance of power for trade unions and the future of Luxembourg with Alexa Ballmann in this interview.
14 Apr 2025
#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant
Absenteismus: Eng Fatalitéit oder eng Stellschrauf, wou d'Politik kann drun dréinen? Gëtt et Konkretes an der Diskussioun ronderëm d’Reform vun de Pensiounen a wéini gëtt et konkret mat der versprachener Opwäertung vum Statut de l’Indépendant?
Dat sinn déi Themen, déi d'Alexa Ballmann zesumme mam Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, diskutéiert huet.
3 Mar 2025
#3 Handwierk a Beruffsausbildung
"Komm mol an de Büro!" geet an déi drëtt Ronn.
Dës Kéier diskutéiert d’Alexa Ballmann, Vize-Präsidentin vun der Fédération des Artisans, mam Bildungsminister Claude Meisch iwwert d’Ausbildung am Handwierk.
Wéi gutt funktionéiert d’Ausbildung hautdesdaags, wou haakt et a wat kann nach verbessert ginn, an – ganz wichteg – wéi kann d’Roll vun eise Betriber an deem Kontext gestäerkt ginn?
3 Feb 2025
#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik
De Mëttelstand an d'Handwierk: Réckgrat vun der Economie oder organisatoreschen Auslafsmodell?
D'Alexa Ballmann diskutéiert mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Chancen an d'Erausfuederungen vun de Betriber.
19 Dec 2024
#1 Pensiounssystem
Muss eise Pensiounssystem dringend reforméiert ginn, oder ass „wait and see“ déi besser Strategie?
Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll ech als Chef(fe) d’entreprise dës Entwécklunge fir mech a meng Salarié(e) preparéieren?
Dëse Froe geet d'Alexa Ballmann op de Gronn: „Wéi gesäit et dann elo wierklech mat eise Renten aus, a kréien ech nach eng?“ Doriwwer schwätzt d’Alexa Ballmann mam Marc Wagener, Direkter vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL).
Dir wëllt méi iwwert d'Fédération des Artisans gewuer ginn? https://www.fda.lu
Who has been a guest on KOMM MOL AN DE BÜRO!
Names identified in recent episode analyses. Showing up to five guests.
Goy Grosbusch
Jean-Marc Sertic
Luc Frieden
Michel Reckinger
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
5.0 / 5
1 ratings
Host of KOMM MOL AN DE BÜRO!?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine