De Geriichtsdrama ass eng fiktionaliséiert Duerstellung vum Prozess vu Bobigny vun 1972, deen a Frankräich zur Entkriminaliséierung vum Avortement gefouert huet. Gläichzäiteg gëtt de Portrait vun der deemools nach wéineg bekannter Affekotin a militant Feministin Gisèle Halimi gezeechent. Eng Kritik vum Michel Delage.
6 Nov 2026
Wéi Konscht a Wëssenschaft sech a Saache Geometrie ergänzen
Wat soe Formen, wéi Dräiecker-Quadrater-Linnen, iwwert d’Welt ronderëm eis aus? Mat dëse Froe beschäftege sech fir gewéinlech Wëssenschaftler, wéi Mathematiker oder Physiker. Ma eng ganz Partie Kënschtler hunn dozou kënschtleresch Aussoen ze maachen. D’Expo “Shapes - beyond Geometry” am Cercle Cité presentéiert Konschtwierker zu dësem Sujet. Virun zwou Wochen hate mir mat der Curatrice Anna Loporcaro iwwert d’Hannergrënn vun der Ausstellung geschwat, d’Gespréich fannt dir op eisem Site, mee d’Kerstin Thalau wollt awer och nach e puer Kënschtler:innen ze Wuert komme loossen, a stellt iech haut de gebiertege Paräisser Adrien Lucca vir, dee viru gutt 20 Joer fir Konschtstudien op Bréissel geplënnert an do bliwwen ass.
6 Nov 2026
Angine de Poitrine zu London: Concertskritik
Op de soziale Medien waren se ugangs des Joers iwwerall: di zwee Ausserierdescher, déi vun ënnen bis uewen a schwäerz a wäiss Punkten bedeckt sinn an komplizéierte Rock spillen. Riets geet vun Angine de Poitrine, den Duo aus dem Québec deen mat senge witzege Kostümer an ongewéinlechen Rhythmen viral gaangen ass.
Mee wéi kléngt Angine de Poitrine live? Ass den Hype gerechtfäerdegt? D‘Claire Barthelemy war fir eis hire Concert zu London.
Who has been a guest on Kultur
Names identified in recent episode analyses. Showing up to five guests.
Christophe Mirkes
Carlo Sauber
Aaron Einbond
Valerija Berdi
Mäna
Host of Kultur?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine