Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.
Publisher
Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Lëtzebuerg ass e räicht Land. Mee wat kënnt vun deem Räichtum bei de Leit un? Geet d'Pai duer, fir de Loyer an d'Rechnungen ze bezuelen? A wéi geet et de Leit op hirer Aarbechtsplaz?
Mat esou Froe beschäftegt sech de Panorama social vun der Chambre des salariés. De Rapport bréngt Zuelen iwwer déi sozial a wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg zesummen.
An dëser Episod kucke mir op d'Editioun 2026 mam Nathalie Georges, Soziologin a Conseillère bei der Chambre des salariés, mam Félix Martins, Ekonomist bei der CSL, a mam David Büchel, Aarbechtspsycholog a Coordinateur vun der Etüd Quality of Work Index, och bei der CSL.
30 Sept 2026
New Work #28 - Pensiounsreform
Kaum een Thema war méi déi lescht Joren an de Medien, wéi d'Pensiounskeess an hir ustoend Reform. Ëmmer manner Salarié*en musse fir ëmmer méi Pensionéierter schaffe goen.
An dëser Episod stelle sech follgend Froen: Firwat huet et eng Pensiounsreform gebraucht? Wat huet sech konkret geännert? An ass dës Reform wierklech d'Léisung zu eise Pensiounsprobleemer?
All dat kläre mir mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre de salariés, an dem Dylan Theis, Conseiller de Direction an Ekonomist, och bei der CSL.
3 Aug 2026
New Work #27 - Alles iwwert déi nei Steierreform
Wosst du schonn, mir ab 2028 een neie Steiersystem zu Lëtzebuerg wäerten hunn?
An dëser Episod schwätze mir genau doriwwer a iwwer dat, wat sech mat dëser Reform ännere wäert. Ma wéi eng Ongerechtegkeete ginn et am aktuelle Steiersystem, wat misst sech ännere fir dass all Mënsch och wierklech gläich ass virum Steiergesetz an ass de Grond, wisou mir eng Steierreform brauchen?
All dat kläre mir haut mam Dylan Theis, Ekonomist a Conseiller de Direction bei der Chambre des salariés, an dem Laurent Uhoda, Conseiller de Direction, och bei der CSL. Zesummen hu si un engem Avis fir de Projet de Loi vun der Steierreform geschafft a sinn Experten am Thema.
Contact New Work
Guest appearances
Does not typically book guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of New Work?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine