Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
Nach méi Paus. fannt dir op:
- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np
- Facebook: https://bit.ly/3RVshab
Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar.
Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt
(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Mir sinn erëm do, wann den Hierscht kënnt – an zwar mat Scholdgefiller a rage bait am Gepäck!
Äre Liblingspodcast (alias den hateful ally an de Mann mam Teint um Nippel) diskutéieren haut iwwer Gaytown, memento.lu an (on)impressive Filmer. Et gi frozen margarita faces, Strëppen a rüsteg Rentner, mee och Hochzäits hot takes a lunch ghosting.
Wisou googelt een de Bergdoktor? Ass e Cineast einfach just eng Persoun mat schäiss Goût? An ass Schlagsan eng Zooss?
12 Sept 2026
#192 Dee mam Teachermemes
An der leschter Summerpaus. gëtt et – passend zu der Rentrée – education.lu-core mam Batman vum Lëtzebuerger Léierpersonal: dem Teachermemes.
Mir maachen d'Klammer an der Klammer a widmen eis verhalenskreative Kanner, Traumata aus der Schoulzäit, engem ausgeléistenen Alarm an der eegener Vakanze-Bucketlist. Et gëtt zeréckgeruddert, iwwer d'Paie vun den Enseignanten diskutéiert a Liblings-memes beschwat.
Mat dobäi sinn d'Carla an de Marco, "Wir sind Helden" a natierlech de Jeremy-Pascal.
Mir froen eis ënner anerem: Huet den Teachermemes säi Beruff gär? Wéini ginn eigentlech Fräizäitparken op? A wéi schlëmm gëtt d'Rentrée 6-7?
4 Sept 2026
#191 Dee mam Cat
Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life "TikTok"-Kommentarer a Bichertipps aus dem Bookclub ze schwätzen.
Et gëtt seriöen Hochzäitsgossip, déi Lénksradikal vun Neustadt, Wuessen mat iwwer 30, Fouer-Iessen an e bësse "Meh".
Mat dobäi sinn de Jang1985_Lëtzebuerg, de Feierstengstoni an och nees d' Fra vum Séi.
Mir fuerschen ewéi ëmmer no, ënner anerem zu follgenden Themen: Ass d'Cat schwiereg? Gëtt et deemnächst e neien Throuple? A wéi leeft et mat der abstrakter Molerei?
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
5.0 / 5
113 ratings
Contact Paus.
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine