Récits de Voix – Porteurs de Mémoire thematiséiert den zweete Weltkrich mat der Shoah, a retracéiert d’Schicksaler vu Mënschen wärend dem Holcaust. Mënschen déi Lëtzebuerg hu misste verlossen, oder aus anere Länner op Lëtzebuerg komm sinn.
All Episod ass eng geliewte Geschicht déi ee Survivant a Form vun engem Témoignage verzielt.
Parallel, gëtt den Historiker, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, a President vum Comité Auschwitz Lëtzebuerg, Marc Schoentgen, Erklärungen zum Kontext vun der Zäit vun der Shoah, an eventuelle Parallelen zu haut.
Mat der Ennerstëtzung vum
Comité Auschwitz Luxembourg an der
Fondation Mazalbert - ënnert der égide vun der Fondation de Luxembourg
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire - Série 2 / Bernard & Robi Gottlieb
Nodeems d'Témoin'en vun der Shoah hiert Erliewe verzielt hunn, interesséiert d'Série 2 sech fir déi sougenannten zweet Generatioun, de Nokomme vun den Iwwerliewenden.
An de 1960er Joren hu Kanner vun Holocaust Iwwerliewenden ugefaangen der Fro nozegoen, wat et bedeit Kand vun engem Témoin ze sinn. Vill ënnert hinnen hate Scholdgefiller, an d'Gefill den Echo vun deem wat hier Famill erliewt huet ze droen.
Séier, sinn Austausch- a Support Gruppen uechtert Welt gegrënnt ginn, an déi betraffe Persoune konnten iwwer hier Erfarunge vun Angscht, Trauer an Depressioun schwetzen.
Am Kontext vun där Generatioun déi den Trauma deen hir Famill ni ausgedréckt huet mat sech dréit,
Agëtt an der Psychologie vun inter- oder transgenerationellem Trauma geschwat.
Déi nächst Episode vum Podcast ginn där Trauma Iwwerdroung no - iwwer Témoin'en vun der zweeter Generatioun.
Am éischten Episod héiert dir de Bridder Bernard a Robi Gottlieb hir Geschicht.
20 Feb 2026
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire - Série 2 / Trailer Bernard & Robi Gottlieb
Nodeems d'Témoin'en vun der Shoah hiert Erliewe verzielt hunn, interesséiert d'Série 2 sech fir déi sougenannten zweet Generatioun, de Nokomme vun den Iwwerliewenden.
An de 1960er Joren hu Kanner vun Holocaust Iwwerliewenden ugefaangen der Fro nozegoen, wat et bedeit Kand vun engem Témoin ze sinn. Vill ënnert hinnen hate Scholdgefiller, an d'Gefill den Echo vun deem wat hier Famill erliewt huet ze droen.
Séier, sinn Austausch- a Support Gruppen uechtert Welt gegrënnt ginn, an déi betraffe Persoune konnten iwwer hier Erfarunge vun Angscht, Trauer an Depressioun schwetzen.
Am Kontext vun där Generatioun déi den Trauma deen hir Famill ni ausgedréckt huet mat sech dréit,
Agëtt an der Psychologie vun inter- oder transgenerationellem Trauma geschwat.
Déi nächst Episode vum Podcast ginn där Trauma Iwwerdroung no - iwwer Témoin'en vun der zweeter Generatioun.
Am éischten Episod héiert dir de Bridder Bernard a Robi Gottlieb hir Geschicht.
4 Apr 2025
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Episode 7 - Arthur Sidney Ehrmann
Am März 1933 ass d’Nazi Partei un de Pouvoir komm, deemools hunn zu Frankfurt eng 26000 Judde gelieft. Dorënner och meng Ur-Grousselteren, mat hire 4 Kanner.Am Mäerz 1933 ass d’Nazi Partei un de Pouvoir komm, an huet e Fändel mam Hakekräiz iwwert d’Ratshaus hisséiert. Fir Judde sollt et keng Platz méi ginn an Däitschland. Jüddesch Entreprisen a Fräiberuffler si boykottéiert ginn, an et sinn antisemtesch Gesetzer agefouert ginn.Dat ass dee Moment wou mäi Grousspapp, den Arthur Sidney Ehrmann, mat 28 Joer, decidéiert huet ze flüchten, bis op paraïs. Ouni Nationalitéit, an als Judd, mam But sech als Resistenzler ze engagéieren a géint d'Nazien unzekämpfen - bis zu sengem Doud.
4 Apr 2025
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episode 7 - Arthur Sidney Ehrmann
Am März 1933 ass d’Nazi Partei un de Pouvoir komm, deemools hunn zu Frankfurt eng 26000 Judde gelieft. Dorënner och meng Ur-Grousselteren, mat hire 4 Kanner.Am Mäerz 1933 ass d’Nazi Partei un de Pouvoir komm, an huet e Fändel mam Hakekräiz iwwert d’Ratshaus hisséiert. Fir Judde sollt et keng Platz méi ginn an Däitschland. Jüddesch Entreprisen a Fräiberuffler si boykottéiert ginn, an et sinn antisemitesch Gesetzer agefouert ginn.
Dat ass dee Moment wou mäi Grousspapp, den Arthur Sidney Ehrmann, mat 28 Joer, decidéiert huet ze flüchten, bis op Paraïs. Ouni Nationalitéit, an als Judd, mam But sech als Resistenzler ze engagéieren a géint d'Nazien unzekämpfen - bis zu sengem Doud.
22 Dec 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Episode 6 - Claude Marx
De Claude Marx ass 1934 zu Nanzeg gebuer, an ass mat senger Famill ënnert chaoteschen Zoustänn a Frankräich an den Exil geflücht.
Als 6 Joer aler Bouf, huet hien Rafflen, d’Miliz an d’Persecutioun vun de Judden iwwerliewt.
Hie wor eleng an engem Späicher verstoppt.
22 Dec 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episode 6 - Claude Marx
De Claude Marx ass 1934 zu Nanzeg gebuer, an ass mat senger Famill ënnert chaoteschen Zoustänn a Frankräich an den Exil geflücht.
Als 6 Joer aler Bouf, huet hien Rafflen, d’Miliz an d’Persecutioun vun de Judden iwwerliewt.
Hie wor eleng an engem Späicher verstoppt.
8 Dec 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Episode 5 - Colette Flesch
Colette Flesch, a Luxembourgish politician, shares her family's harrowing escape from Nazi-occupied Luxembourg in 1940, reflecting on the complexities of identity and memory.
8 Dec 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episode 5 - Colette Flesch
Colette Flesch shares her extraordinary story of survival and resilience as a young Jewish girl fleeing war-torn Luxembourg in 1940.
21 Nov 2024
Récits de Voix - Poreturs de Mémoire / Episode 4 - Robert Simon
Historian Robert Simon recounts his family's harrowing escape from Nazi-occupied Wiesbaden to Luxembourg in 1935, marking the beginning of their perilous journey as refugees.
21 Nov 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episode 4 - Robert Simon
Robert Simon recounts his family's harrowing experience of fleeing Nazi persecution in 1935, marking the beginning of a state-led campaign of anti-Semitic violence and forced displacement in Germany.
2 Nov 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Episode 3 - Danielle & Guy Aach
D'Danielle an de Guy Aach sinn zu Lëtzebuerg als Geschäftsleit bekannt. Laang Joren hu si den Tapis Hertz geleet.
Den Traditiouns- a Famillje Buttek ass 1946 vum Rodolphe Hertz a senger Fra opgemaach ginn, der Danielle Aach-Hertz hirem Monni an Tatta. Dat wor nom Krich. Virun der Nazi Besetzung zu Lëtzebuerg, ass dem Danielle Hertz hir Famill an Amerika ausgewandert, dees de Guy Aach, als Bëbee, mat sengen Elteren a Frankräich geflücht ass.
2 Nov 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episode 3 - Danielle & Guy Aach
D' Danielle an de Guy Aach sinn zu Lëtzebuerg als Geschäftsleit bekannt. Laang Joren hu si den Tapis Hertz geleet. Den Traditiouns- a Famillje Buttek ass 1946 vum Rodolphe Hertz a senger Fra opgemaach ginn, der Danielle Aach-Hertz hirem Monni an Tatta. Dat wor nom Krich. Virun der Nazi Besetzung zu Lëtzebuerg, ass dem Danielle Hertz hir Famill an Amerika ausgewandert, dees de Guy Aach, als Bëbee, mat sengen Elteren a Frankräich geflücht ass.
17 Oct 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Episode 2
De Gerd Klestadt huet als Kand d'Konzentratiounslager Bergen-Belsen iwwerlieft. Obwuel nach gequäält, gesäit hien d'Erënnerung un déi Zäit als Pflicht, jonke Generatiounen géintiwwer, a reest zanter 2001 uechtert Welt, a Schoulen, fir seng emouvant Geschicht ze verzielen, a fir doriwwer ze temoignéieren wat hien a seng jüddesch Famill tëschent 1936 a 1945 hu missten iwwert sech ergoe loossen.
17 Oct 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episod 2
De Gerd Klestadt huet als Kand d'Konzentratiounslager Bergen-Belsen iwwerlieft. Obwuel nach gequäält, gesäit hien d'Erënnerung un déi Zäit als Pflicht, jonke Generatiounen géintiwwer, a reest zanter 2001 uechtert Welt, a Schoulen, fir seng emouvant Geschicht ze verzielen, a fir doriwwer ze temoignéieren wat hien a seng jüddesch Famill tëschent 1936 a 1945 hu missten iwwert sech ergoe loossen.
30 Sept 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Podcast introduction
Récits de Voix – Porteurs de Mémoire gëtt leschte Survivant'en vun der Shoah, dem Holocaust, d’Geleeënheet dat Onausdrécklecht ze verzielen, un déi Zäit ze erënneren, wou si als Kand vun de Nazien persekutéiert gi sinn.
All Episod ass eng geliewte Geschicht a Form vun engem Témoignage.
Parallel, gëtt den Historiker, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, a President vum Comité Auschwitz Lëtzebuerg, Marc Schoentgen Erklärungen zum Kontext vun der Zäit, an eventuelle Parallelen zu haut.
But ass Geschicht an Erënnerungskultur ze vermëttelen, ze sensibiliséieren, eduquéieren, a jonke Generatiounen ze hëllefen d’Shoah ze verstoen.
Mam Zil datt d'Affer vun der Shoah an d'Zäit vum Holocaust ni vergiess ginn.
Dëse Podcast ass mat der Ënnerstëtzung vum Comité Auschwitz Luxembourg (https://synagogue.lu/memoire/comite-auschwitz/) an der
Fondation Mazalbert (https://www.fdlux.lu/de/foundation/fondation-mazalbert)- ënnert der égide vun der Fondation de Luxembourg - entstaanen
30 Sept 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Trailer Episod 1
An der éischter Episod léiert dir de Gaston Herz kennen, deem seng emouvant Familljegeschicht zu Lëtzebuerg, am Duerf Medernach ufänkt. Trailer.
30 Sept 2024
Récits de Voix - Porteurs de Mémoire / Episode 1
D’Judden déi wärend dem 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg gelieft hunn, waren etabléiert Lëtzebuerger Familljen, awer och zum Deel Immigranten, déi an den 1930er Joren aus dem Oste komm sinn, fir hei Protektioun virun den Nationalsozialisten ze sichen.
1.200 vun deene 4.000 Judden, déi hei am Land gelieft hunn, sinn an Duerchgangslager op Drancy, Westerbork, Fünfbrunnen, op Litzmannstadt an de Ghetto oder a Vernichtungslageren an Osteuropa deportéiert ginn.
Nëmme ronn 50 Judden aus dem Grand-Duché hunn d’Lager lieweg verlooss.
Haut léiert dir de Gaston Herz kennen, deem seng emouvant Familljegeschicht zu Lëtzebuerg am klénge Medernach ufänkt.
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Apple Podcasts (US)
5.0 / 5
2 ratings
Contact Récits de Voix - Porteurs de Mémoire
Guest appearances
Does not typically book guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of Récits de Voix - Porteurs de Mémoire?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine