Serie: Black Arts Matter: Lupita Nyong'o aus "Black Panther" an "12 years a slave" (16)
Datt d'afroamerikanesch Schauspiller a Regisseuren nach ëmmer net gläichwäerteg behandelt ginn wéi hir wäiss Kolleegen an d'Thematik Rassismus dacks aus der Vue vun engem wäisse Protagonist erzielt gëtt an den Dréibicher, dat ass zënter Joren eng intensiv Diskussioun zu Hollywood. Christiane Kremer
1 Sept 2020
Serie: Black Arts Matter "De Soul-Museker Ray Charles" (15)
Hie gehéiert zu deenen, déi d'Soulmusek grouss gemaach hunn. Dëse Musek-Mix aus Rhythm and Blues a Gospel ass an den 1950er a 60er Joren entstanen an huet domadder och d'Biergerrechtsbewegungen vun deemools begleet. De Ray Charles gëlt bis haut als Pionnéier dervun, obuwel seng musikalesch Kreativitéit do net stoe bliwwen ass. Christiane Kremer
27 Aug 2020
Serie: Black Arts Matter "Whitney Houston" (14)
Et ass eng vun de beschten Stëmmen, wann net déi perfekst, déi je an der Soul- a Popmusek ze héiere war. Eng wonnerschéi Fra, eng cool Ausstralung, mä en zerrapptene Mënsch, deem säi Liewen vun Drogen an Alkohol zerstéiert um Enn tragesch op en Enn gaangen ass, d'Whitney Houston war e Star fir Schwaarz a Wäiss. A genau esou war hiert Liewen. Christiane Kremer
25 Aug 2020
Serie: Black Arts Matter "James Baldwin" (13)
"D'Mënschen sinn an der Geschicht gefaangen an d'Geschicht ass an de Mënsche gefaangen" - dat ass eent vun de ville markanten Zitater vum afroamerikaneschen Auteur James Baldwin. 1987 ass hien am Alter vun 63 Joer u Kriibs gestuerwen, seng Wierker sinn awer haut nach genau esou wichteg an aktuell wéi deemools, als Buch an als Film-Adaptatioun. Christiane Kremer
20 Aug 2020
Serie: Black Arts Matter "Sammy Davis Junior" (12)
Hie gehéiert zum berüümte Rat Pack, enger Grupp vu Schauspiller a Sänger, déi Enn vun den 1950er Joren zu Las Vegas opgetruede sinn. Grouss Nimm aus Amerika: Dean Martin, Shirley McLaine oder Frank Sinatra. Dacks gëtt awer gesot hie wier dee Beschte gewiescht: de Sammy Davis Jr. an hie war och e Multitalent. Christiane Kremer
18 Aug 2020
Serie: Black Arts Matter "Aretha Franklin" (11)
Et si siwe Buschtawen, et ass ee Wuert, et war en Hit an et ass bis haut d'Hymne vun der afro-amerikanescher Biergerrechtsbewegung a vun der Fraebewegung. D'Lidd koum 1967 eraus, an ass esou aktuell wéi ni. D'Stëmm hannendrun ass déi vun der Aretha Franklin, déi virgëschter vrun 2 Joer gestuerwen ass, Christiane Kremer.
13 Aug 2020
Serie Black Arts Matter: Pionnéier: d'Moler Thelma Johnson Streat a Sam Gilliam (10)
Wann een no engem afroamerkianesche Moler freet, dann kënnt emol fir d'éischt den Numm vum Jean-Michel Basquiat, dee mer Iech viru 4 Wochen an dëser Serie virgestallt haten. Et fënnt een awer och nach aner Nimm, déi op hir Manéier d'Molerei beaflosst hunn an deemno hir Spueren hannerloossen. Christiane Kremer
11 Aug 2020
Serie: Black Arts Matter "Sidney Poitier" (9)
24 Joer nodeems eng éischte Kéier eng afro-amerikanesch Schauspillerin en Oscar gewonnen hat, war et 1964 deen éischten Oscar fir eng Haaptroll an zwar fir den Acteur Sidney Poitier. Anescht wéi d'Hattie McDaniel 1940, souz hien awer am Sall ënnert all deenen Aneren. Christiane Kremer
6 Aug 2020
Serie: Black Arts Matter "Toni Morrison" (8)
Viru genee engem Joer ass déi amerikanesch Schrëftstellerin Toni Morrison am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Si war déi éischt Afro-Amerikanerin, déi 1993 de Literatur-Nobelpräis gewonnen huet. Hir 11 Romaner hu sech och ëmmer mat der Thematik vun der faarweger Populatioun an den USA beschäftegt, Christiane Kremer.
4 Aug 2020
Serie: Black Arts Matter "Spike Lee" (7)
"Wien d'Kulturgeschicht vun den USA aus de leschte 40 Joer wëll schreiwen, dee soll just dem Spike Lee seng Filmer kucken", sou steet et op dem amerikanesche Kulturnews-Site "Vulture" ze liesen. Ëmmer erëm verschafft de Realisateur, Dréibuchauteur an Acteur Themen, déi grad an der Aktualitéit sinn, wéi elo d'Rassismus-Diskussioun. Christiane Kremer
30 Jul 2020
Serie: Black Arts Matter "Hattie McDaniel" (6)
All Joer bei den Oscar-Zeremonie gëtt kritesch bemierkt, datt afroamerikanesch Schauspiller nach ëmmer benodeelegt sinn. A wann een an de Lëschte kuckt, gesäit een, dat do e grousst Ongläichgewiicht ass. Déi alleréischt Schauspillerin, déi en Oscar iwwerreecht krut, war 1940 d'Hattie McDaniel als bescht Actrice an enger Nieweroll am Film "Gone with the wind". Mä d'Laureatin huet net duerfen do sëtzen, wou déi aner placéiert waren, Christiane Kremer.
28 Jul 2020
Serie: Black Arts Matter "D'Rap-Musek an den Tupac Shakur" (5)
An den 1970er Joren ass an de Ghetto-Stroosse vun New York eng nei Musekrichtung enstanen, déi sech inspiréiert huet beim afro-amerikanesche Funk a Soul. Den Hip Hop zeechent sech aus duerch e puer innovativ Techniken. Dozou gehéiert och e sougenannte Schwätzgesank: de Rap. Christiane Kremer
23 Jul 2020
Serie: Black Arts Matter "The Colour Purple" mam Whoopi Goldberg (4)
1985 huet de Steven Spielberg d'Buch vun der afro-amerikanescher Autorin an Aktivistin Alice Walker "The Colour Purple" verfilmt, fir dat se den Amerikanesche Literaturpräis an de Pullitzer-Präis kritt hat. De Roman beschreift d'Liewe vu Fraen um Ufank vum 20te Joerhonnert an den amerikaneschen Südstaaten, hire Kampf fir Gläichberechtegung, géint Ënnerdréckung a Rassismus. Mam Film gouf d'Whoopi Goldberg als Actrice bekannt. Christiane Kremer
21 Jul 2020
Serie: Black Arts Matter "D'Jazz-Musek an de Louis Armstrong" (3)
Si ass um Ufank vum 20te Joerhonnert entstanen a vermëscht Elementer aus der afrikanescher Volleksmusek an der europäesch-amerikanescher Marsch- an Danzmusek- rieds geet vum Jazz, deen haaptsächlech an der afro-amerikanescher Bevëlkerung an zu New Orleans entstanen ass. Ee vun de populäerste Vertrieder ass den Trompettist a Sänger Louis Armstrong. An der Serie Black Arts Matter kuckt d'Christiane Kremer zeréck op eng Musek, déi sech duerch d'Welt an d'Joerzéngten entwéckelt huet.
16 Jul 2020
Serie: Black Arts Matter "Jean-Michel Basquiat" (2)
Hie gehéiert an de berüümte Club vun den 27, och wann en éischter als Kënschtler, wéi als Museker bekannt ass. Mä de Jean-Michel Basquiat war en Artist, dee sech a ville Genren doheem gespuert huet a seng Konscht vrun allem an d'Strooss bruecht huet. D'Christiane Kremer iwwer deen éischten afro-amerikanesche Moler, deen d'international Konschtzeen markéiert huet.
14 Jul 2020
Serie: Black Arts Matter "Josephine Baker" (1)
Et sinn d’Konscht an d’Kënnen déi zielen… Et ass net wichteg wéi de Kënschtler ausgesäit a wou en hierkënnt… D‘Serie „Black Arts matter“ stellt Wierker a Kreatiounen vun Artisten mat däischterer Hautfaarf an de Mëttelpunkt. Am éischten Deel geet et ëm eng grouss Perséinlechkeet. D'Sängerin an Dänzerin Josephine Baker ass an den USA gebuer, mä gouf a Frankräich e Star. Einfach hat se et net, mä si huet sech e Liewe laang fir Gläichheet engagéiert, Christiane Kremer.
Contact RTL - Black Arts Matter
Guest appearances
Does not typically book guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of RTL - Black Arts Matter?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine