Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

RTL - Lecture vun heiheem
Claim This Podcastby RTL Radio Lëtzebuerg
Podcast Overview
Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.
Language

Publishing Since
9/11/2020
1 verified contact email on file for RTL - Lecture vun heiheem
Pitch yourself as a guest, propose sponsorships, or reach out directly to the host.
Recent Episodes

June 21, 2026
Vu Katastroph(en) an Happy End(s): De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview, 21/06/2026
Am Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a "Betty- Die Geschichte eines jüdischen Mädchens"

Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch dat de Roland Meyer bis elo geschriwwen huet. Am Interview verréit hien, firwat et nach vill méi déck hätt kéinte ginn! Wann an dësem Roman d'Grenzen tëscht Wouerecht a Fantasie verschwammen, dann huet een am Kannerbuch "Betty - Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" déi traureg Gewëssheet: esou wéi d'Betty Hirschbein hir Geschicht Jorzéngte méi spéit erzielt, sou ass et tatsächlech geschitt. Kann et no der Katastroph nach en Happy End ginn? Fir d'Betty war dat de Fall, bei de Personnagen aus dem Roman "Um Horizont" ass dat net esou sécher.

Och fir de Verlag Op der Lay, bei dem de Roland Meyer seng Bicher zënter laange Jore verëffentlecht, gëtt et leider keen Happy End. Op den 31.Juli mécht hire Webshop zou, no iwwer 30 Joer an der Lëtzebuerger Verlagslandschaft. Och als Museker a Kabarettist huet de Roland Meyer vill Pläng a Wënsch fir d'Zukunft... geschwënn eng Kéier e Concert zu Esch ze spillen, steet ganz uewen op der Wonschlëscht! Ka säi Wonsch an Erfëllung goen? A wäert e säi Kannerbuchprojet ronderëm dee klengen Här Bellibimbam mat engem neie Verlag verwierkleche kënnen? Op déi Froe gëtt et (nach) keng Äntwert.

"Um Horizont" ass am Verlag Op der Lay erauskomm, "Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

May 26, 2026
Eng historesch Recherche iwwer jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg, 26/05/2026
Den Denis Scuto an de Ben Fayot am Interview iwwer d'Buch "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" an dee grousse Recherche-Projet dohanner

Wéi en Afloss hat en Hollywood-Film op d'Recherche iwwer d'Shoah zu Lëtzebuerg? Wie war d'Pianistin Dina Grossvogel a wat huet si mat eisem Land verbonnen? A wourop mussen Historiker bei hire Recherchen oppassen? Dat si just e puer vun de Froen déi den Historiker Denis Scuto an den Auteur a fréieren Deputéierte Ben Fayot am Interview beäntweren.

"Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" ass e Buch dat sech an de Kontext vum Luxembourg Mémorial de la Shoah aschreift, an un dem net manner wéi 20 Auteur(inne) matgeschafft hunn.

Op iwwer 300 Säite suivéiert dëst Wierk jiddesch Familljen an hiert Schicksal an de Krichsjoren. Hannert all Numm verstoppt sech eng Geschicht, déi am Wuert an am Bild erzielt gëtt. Texter, Familljefotoen an Zäitdokumenter beleeën d'Liewe vu Mënschen déi ëmbruecht goufen, an déi awer bis haut Spueren hannerlooss hunn. D'Buch baséiert op enger minutiéiser Recherche, déi ëmmer nach amgaangen ass, an déi dacks och onkamoud Wouerechten un d'Liicht bréngt. E wichtegt Wierk an en Thema dat och haut näischt vu senger Aktualitéit verluer huet.

February 21, 2026
Bal 105 Joer an nach laang net midd!, 21/02/2026
De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter"

De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la Fontaine befaasst an der eng ganz Rëtsch op Lëtzebuergesch iwwersat. Mat vill Sensibilitéit an Humor huet en de Protagonisten vun deene kuerze Parabelen aus der Déierewelt eis Sprooch an de Mond geluecht. Déi Fabelen déi de Jean de la Fontaine am 17te Jorhonnert nei entdeckt an zu engem Klassiker vun der franséischer Literatur gemaach huet, hu Wuerzelen déi nach vill méi wäit an der Zäit zeréckreechen. Den Aesop (vun deem een bis haut net weess, ob hien tatsächlech existéiert huet) soll schonn am 7te Jorhonnert viru Christus seng Fabelen opgeschriwwen hunn. An déi sinn haut nach grad esou aktuell wéi virun 2700 Joer!

De Pe’l Schlechter, deen am Abrëll 2026 säin 105.Gebuertsdag feiert, war schonn als Kand faszinéiert vun de Fabelen. Am Interview erzielt hie vu senger Freed un de Sproochen an um Iwwersetzen, hie verréit firwat ee vun den Texter am Buch fir hien eng ganz perséinlech Bedeitung huet an hie stellt sengem Public eng Fro, op déi et just eng eenzeg Äntwert gëtt!

"Jean de la Fontaine- Fabelen - nei verzielt vum Pe'l Schlechter" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.
114 total episodes available
Recent guests on RTL - Lecture vun heiheem
Guests from recent episodes — sign up to see every guest that has ever appeared on this show.
Bea Kneip
Guest
José Luís Correia
Guest
Isabelle Costantini
Guest
Similar Podcasts
Discover related shows you might enjoy
Deep-dive analytics for RTL - Lecture vun heiheem
Frequently asked questions
Have a different question and can't find the answer you're looking for? Reach out to our support team by sending us an email and we'll get back to you as soon as we can.
- What is RTL - Lecture vun heiheem?
- How often does this podcast release new episodes?
This podcast updates weekly.
- Where can I listen to this podcast?
This podcast is available on 8 platforms including Apple Podcasts, Spotify, and more. You can also use the RSS feed directly.
- Does this podcast accept guests?
Yes, this podcast regularly features guests.
Legal Disclaimer
Pod Engine is not affiliated with, endorsed by, or officially connected with any of the podcasts displayed on this platform. We operate independently as a podcast discovery and analytics service.
All podcast artwork, thumbnails, and content displayed on this page are the property of their respective owners and are protected by applicable copyright laws. This includes, but is not limited to, podcast cover art, episode artwork, show descriptions, episode titles, transcripts, audio snippets, and any other content originating from the podcast creators or their licensors.
We display this content under fair use principles and/or implied license for the purpose of podcast discovery, information, and commentary. We make no claim of ownership over any podcast content, artwork, or related materials shown on this platform. All trademarks, service marks, and trade names are the property of their respective owners.
While we strive to ensure all content usage is properly authorized, if you are a rights holder and believe your content is being used inappropriately or without proper authorization, please contact us immediately at hey@podengine.ai for prompt review and appropriate action, which may include content removal or proper attribution.
By accessing and using this platform, you acknowledge and agree to respect all applicable copyright laws and intellectual property rights of content owners. Any unauthorized reproduction, distribution, or commercial use of the content displayed on this platform is strictly prohibited.