De Podcast vun der RTL Redaktioun. Themen déi Land a Leit beweegesinn den Alldag vun eiser Noriichteredaktioun. Wat sinn d' Hannergrënn vun de Storyen, wat ass aus enger Noriicht ginn a wei eng Informatiounen hunn et net an de Reportage gepackt? Mir haken no.
Episod 9 - De Luxembourg Science Center, 19/04/2023
Am Luxembourg Science Center gëtt et Probleemer mat der Gouvernance
De President vun der ASBL Luxembourg Science, Nicolas Didier, huet gläichzäiteg eng Privatfirma, déi quasi exklusiv fir de Luxembourg Science Center schafft. Den Educatiounsministère, deen de Luxembourg Science Center mat Subventioune finanzéiert, géing gären opraumen a fir kloer Verhältnisser suergen, mee den Nicolas Didier mécht dobäi net richteg mat.
17 Mar 2023
Episod 8 - De Fall vun der Madamm M., 17/03/2023
Néng eeler Leit ginn enger jonker Fra 380 000 Euro. Fräiwëlleg oder net?
Et kléngt wéi e Klischee: Eng jonk, attraktiv Fra léiert eeler Leit kennen, haaptsächlech Männer, deene si erzielt, si wier an enger Noutsituatioun. Déi Betraffe gleewen dat, a ginn hier Suen. Am Ganze geet et em 380 000 Euro. Am Prozess weist sech dann awer: An dësem Fall ass net alles schwaarz a wäiss. Ass d’Fra wierklech nëmmen hannert de Suen hier? Firwat hunn d’Leit hir déi Sue ginn? Goung et just em Matleed oder gouf et sexuell Erwaardungen? Gouf déi Ugekloten am Prozess wéinst hiren Originnen als Romnja diskriminéiert?
23 Dec 2022
Episod 7: En aussergewéinleche Prozess ëm e vermësstent Kand, 23/12/2022
D'RTL-Journalistin Diana Hoffmann kuckt nach emol zeréck op e ganz emouvnte Geriichtprozess.
E vermësstent Kand wat haut kéint 7 Joer al sinn. Eng Mamm, déi implizéiert ass, mä net seet, wou hiert Kand ass oder wat mat him passéiert ass. Vill Froen, wéineg Äntwerten.
13 Sept 2022
Episod 6: Serie Medizinesch Feeler an Accidenter, 13/09/2022
D'RTL-Journalistin Fanny Kinsch huet sech domat befaasst, wat geschitt wann an der Medezin eppes schif geet.
Medezinesch Feeler, Feeldiagnosen, Aléas thérapeutiques oder Accidenter: et sinn d'Ausnamen, ma et gëtt Opklärungsbedarf. Am Podcast schwätze mer iwwert d'Hannergrënn vun der Recherche a Froen, déi nach op stinn.
23 Sept 2021
Episod 5: Flüchtlingscamp a Jordanien, 23/09/2021
D' RTL-Journalistin Monica Camposeo war fir e puer Deeg an engem Flüchtlingscamp a Jordanien.
Am Camp hätt een d’ Gefill an enger Parallelwelt ze liewen. Am Podcast diskutéiere mer ënnert anerem doriwwer wei et fir Kanner ass an esou engem Camp an d' Schoul ze goen a wei eng Perspektiven des Mënschen hunn.
6 Jul 2021
Episod 4: ESA Astronaut, 06/07/2021
Den Dr. Marc Hanrion ass ee vu 65 Lëtzebuerger déi sech gemellt hunn fir Astronaut bei der europäescher Weltraumagence ze ginn.
De Bio-Statstiker schafft den Ament am Malawi. Mir hunn iwwer Skype mat him geschwat.
21 Jun 2021
Episod 3: Situatioun am Noen Osten, 21/06/2021
Den RTL-Journalist Pierre Jans war dräi Deeg zesumme mam Ausseminister Jean Asselborn an Ägypten a Jordanien.
Wat huet de Lëtzebuerger Ausseminister an der Regioun gemaach a wat waren Andréck vun der Plaz. Den Invité am "Nogehaakt" war de Pierre Jans.
11 Jun 2021
Episod 2 - Wuelbefannen vu Jugendlechen, 11/06/2021
Wei geet et aktuell de Jonken a wei hunn se déi lescht Méint erlieft?
Mir waren zu Esch am Jugendhaus an hu mat Jugendleche geschwat.
21 May 2021
Episod 1 - Logement: "Kontroll iwwert d' Präisser verluer", 21/05/2021
Mir hu mat zwee jonke Politiker geschwat, wei Sie di aktuell Situatioun bewäerten a wat hir Iddie si fir der Logementskris entgéint ze wierken.
D’Maxime Miltgen, Presidentin vun de Femmes Socialistes an de Michael Agostini President vun de jonken Demokrate waren Invité am éischten Episod.
Contact RTL - Nogehaakt
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of RTL - Nogehaakt?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine