Podpurri Episod 124: De Moler Pit Riewer, 28/02/2024
Zejoert gouf hie mam Prix révélation vum CAL ausgezeechent.
Am Centre d'art nei Liicht kann een aktuell dem Pit Riewer seng éischt Solo-Ausstellung gesinn an där d'Molerei zwar am Mëttelpunkt steet, den Ausgangspunkt awer ëmmer eng Foto ass an och e Gedicht eng wichteg Roll spillt. An engem Café zu Diddeleng huet de Moler dem Claudia Kollwelter ënnert anerem erkläert wéi d'Ausstellung zustane koum, wéi en iwwer Ëmweeër schlussendlech zu Antwerpen Molerei studéiert huet a wat de CAL Präis fir hie bedeit.
21 Feb 2024
Podpurri Episod 123: D'Dänzerin a Choreografin Claudia Urhausen, 21/02/2024
Als Dänzerin a Choreografin ass d'Claudia Urhausen souwuel op der Bün wéi och hannendrun doheem.
Zanter iwwer 15 Joer schafft si u souwuel artistesche wéi och edukative Projeten a kombinéiert Danz mat net just Musek, mee och Theater oder Konscht. Trotz gutt gefëlltem Agenda, huet si tëscht Prouwen an de Rotonden Zäit fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht ze schwätzen, iwwert Hip-Hop, d'Ënnerscheeder mat Professionellen Dänzer a Laien ze schaffen a villes méi...
27 Nov 2023
Podpurri Episod 122: De Moler Roland Schauls, 27/11/2023
"Ach Schissimatucki" oder "Wozu noch arbeiten?" datt sinn nëmmen e puer Titele vu Biller déi de Moment an der Galerie Reuter Bausch gesi kann.
Wierker vum Kënschtler Roland Schauls, deen no Joren emol rëm zu Lëtzebuerg ausstellt. D'Claudia Kollwelter huet an der Ënneschtgaass mam Moler ënnert anerem iwwert säi Schaffprozess geschwat, iwwert Ironie, Stuttgart a Spontanitéit.
Contact RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine