TankenTrio de Podcast.
An wat der Däiwel huet déi dräi geridden een Podcast ze starten? Ganz einfach: Aus enger Schnapsiddie ass schnell Realitéit ginn. Mir dräi beschäftegen eis mat Froen déi all jonken Erwuessenen sech stellt. Wat huet een bis elo scho alles erliewt an wat kennt nach alles op een duer? Mat engem Glas Wäin an gudder Stëmmung hunn mir eis als Aufgab gesat dës Froen an Gedankenweeër mat Humor an Eegenerfarung ze thematiséieren.
Allerléiwsten an träisten Trankentrio Zuhörer*innen
Mat schwéiren Häerzen muss ären lieblings Trio sech vun sengem Häerzensprojet trennen. Mir soen zwar “auf Wiederhören“ mee lo gett eis Tankentrio Dier zou gemach. An dëser Folge machen mir mat iech zesummen een Réckbléck iwwert eis Podcast Joeren, wéi mir gestart hunn, wou mir elo stinn an wou mir eis an 5 Joer gesinn. Mir soen net, dat mir nie mei remkommen, eventuell an engem neien Kapitel an eisem Liewen machen mir eis Dier nees op. Mat engem laachenden a kräischenden Aan verabschieden mir eis also an soen jidderengem den eis gelauschtert huet an suguer bis zum Schluss eis trei bliwwen ass een ganz groußen Merci! Ouni iech wier dat natierlech alles net esou méigleg gewiercht.
Genéisst des läscht Folge an wen wees, villäit bis an 5 Joer.
Macht et gudd, mir machen et besser
Ären Tankentrio <3
3 Jun 2024
#51 Nennen ma se mol: Antwerpen
Den Tankentrio huet no 2 Méint erëm zesummefonnt, fir iech mol nees eng geschmackvoll Plauderrunde opzedëschen. Wéi ëmmer gëtt et rëm ee klengen Update vun eis all a ganz extra des Kéier souguer funny Stories iwwert een fail Citytrip. Donieft hu mir awer och mol missen Thema „Weltschmerz“ uschwätzen, well den eiser Meenung no zimmlech vill präsent ass, du bass also net eleng mat dem Gefill. Allerdéngs wiere mir jo net mir, wa mir net mat engem lëschtege Schluss géifen ophalen. Also lauschtert ran.
P.S. Den 9.06 sinn d‘Europawahlen, gitt wielen, a virun allem wielt richteg well all Stëmm zielt fir ee bessert Europa an eng besser Zukunft
7 Apr 2024
#50 Let's raise a final toast
Huelt eis et net beis, mee ären lieblings Trio huet iech puer News matzedeelen. Wann dir wessen wëllt wat lo mam Tankentrio leeft, dann schallt an, mir geifen eis driwwer freeën!
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
4.7 / 5
40 ratings
Contact TankenTrio
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Host of TankenTrio?
Claim your podcast to manage its listing and keep your show details accurate.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine