Podcast thumbnail for flux

by Lëtzebuerger Journal

10 episodes
Updated Daily
Accepts GuestsHas SponsorsLocation 🇱🇺

Podcast Overview

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang. D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren. Ënnert anerem de Jean-Claude Juncker, d'Colette Flesch, de Michel Würth an de Guy Castegnaro zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit. flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Ab dem 25. November 2025.

Language

🇱🇧

Publishing Since

11/6/2025

1 verified contact email on file for flux

Pitch yourself as a guest, propose sponsorships, or reach out directly to the host.

Recent Episodes

Episode thumbnail for S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?

July 28, 2026

S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?

Et ass Mëtt der 80er, an an engem Sëtzungssall strecken sech d'Käpp iwwer engem Gesetzestext zesummen. Am Raum: Bankepatronat, Notairen, Affekoten. Vill Erfarung a vill Krawatten. Eng Persoun passt net an d'Bild: D'Marie-Jeanne Chèvremont (deemols Coopers & Lybrand). Dëst Gesetz, un deem si grad matschafft – d'UCITS-Directive – wäert Lëtzebuerg zum Gateway vun Europa fir Investmentfonge maachen. Eis Spueresich fänkt awer beim Berthe Lutgen un, Kënschtlerin a Grënnerin vum Mouvement de Libération des Femmes. 2015 moolt si The Deciders – e Bild, op dem e Grupp Hären am Kostüm ënnert dem Arc de Triomphe trëppelt. Ganz kleng am Hannergrond sinn zwou Fraen. Wärend d'UCITS-Gesetz Lëtzebuerg zum Fonge-Standuert Nummer eent an Europa mécht, an de Secret bancaire dem Land international Opmierksamkeet bréngt, bleift d'Fro, wien iwwerhaapt am Raum ass, wann sou eppes decidéiert gëtt. Wat de Secret bancaire ass, wéi d'Banken domat ëmgaange sinn, a wéi vill Jalousie hannert der internationaler Kritik stoung, dat zielen de Kik Schneider (deemols BGL), de Luc Frieden (Finanzminister vun 1998 – 2013), an de Jean-Claude Juncker, deen dee Modell als Kommissiounspresident huet misse verteidegen. Zesumme mam Fongegesetz huet de Secret bancaire dem Land esou vill Wuelstand bruecht, dass een sech am Ausland gefrot huet: "Dieu n'est-il pas luxembourgeois?"– dorunner erënnert sech d' Wirtschafts- a Finanzjournalistin Véronique Poujol. D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

Episode thumbnail for S02E01 - D'Wëllef vum Boulevard Royal

July 14, 2026

S02E01 - D'Wëllef vum Boulevard Royal

Et ass d'Joer 1987 – a bei der KBL rabbelt den Telefon. Ee jonken, nervösen Trader hieft op a lauschtert no, wärend um aneren Enn eng däitsch Bank hie fälschlecherweis accuséiert, falsch Präisser genannt ze hunn. Eng typesch Zeen fir déi jonk Wëllef vum Boulevard Royal. No der Stolkris war et Usus fir déi nei Generatioun, am Finanzsecteur séier Aarbecht ze fannen. Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Ralph Pletsch un, deen an de spéiden 80er bei der haiteger Quintet Private Bank an enger komplett zougedämptener Salle de Marché Dag fir Dag Milliounenzommen an alle méigleche Wärungen – vun US-Dollar iwwer Krounen a Yen – per Telefon ausgehandelt huet. Mee wéi ass hien iwwerhaapt do gelant, a wéi kënnt et, dass eng am Fong belsch Bank iwwerhaapt zu Lëtzebuerg sou present war? Wärend de Staat an den 80er nach d'Arbed an hier Employé*e*ën huet missen iwwer Waasser halen, huet de Finanzsecteur lues a lues bewisen, wéi vill Potenzial an der Konscht vum Näischtmaache leie kann – op mannst, wann et drëms geet, fir net ze vill ze reguléieren. Dofir si vill Banken op Lëtzebuerg komm. Sou vill erkläert de Fernand Grulms, fréiere Chefekonomist bei der ABBL, der Association des Banques et Banquiers Luxembourg. Dat war virun allem doduerch méiglech, dass d'Lëtzebuerger Bourse eng gutt Rëtsch Atouten hat, déi soss keen hat. Dat zielt de Michel Maquil, fréiere Präsident vun der Luxembourg Stock Exchange. Ee vun deenen: Dat Ganzt huet an enger Wirtschafts- a Wärungsunioun mat der Belsch stattfonnt, der UEBL. Den Yves Mersch, fréiere Präsident vun der Banque Centrale du Luxembourg, beliicht, wéi déi wirtschaftlech Bezéiung tëscht Lëtzebuerg an der Belsch funktionéiert huet – a seng Grenzen erreecht huet, wéi de belsche Frang 1982 devaluéiert gouf. En historesche Moment, deen déi deemoleg Wirtschaftsministesch Colette Flesch ganz no materlieft huet. D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

Episode thumbnail for flux 2 - Trailer

June 22, 2026

flux 2 - Trailer

Ab dem 14. Juli 2026.

10 total episodes available

Deep-dive analytics for flux

Frequently asked questions

Have a different question and can't find the answer you're looking for? Reach out to our support team by sending us an email and we'll get back to you as soon as we can.

What is flux?

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historikerinnen, Politikerinnen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

Ënnert anerem de Jean-Claude Juncker, d'Colette Flesch, de Michel Würth an de Guy Castegnaro zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit.

flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen.

Ab dem 25. November 2025.

How often does this podcast release new episodes?

This podcast updates daily.

Where can I listen to this podcast?

This podcast is available on 4 platforms including Apple Podcasts, Spotify, and more. You can also use the RSS feed directly.

Does this podcast accept guests?

Yes, this podcast regularly features guests.

Legal Disclaimer

Pod Engine is not affiliated with, endorsed by, or officially connected with any of the podcasts displayed on this platform. We operate independently as a podcast discovery and analytics service.

All podcast artwork, thumbnails, and content displayed on this page are the property of their respective owners and are protected by applicable copyright laws. This includes, but is not limited to, podcast cover art, episode artwork, show descriptions, episode titles, transcripts, audio snippets, and any other content originating from the podcast creators or their licensors.

We display this content under fair use principles and/or implied license for the purpose of podcast discovery, information, and commentary. We make no claim of ownership over any podcast content, artwork, or related materials shown on this platform. All trademarks, service marks, and trade names are the property of their respective owners.

While we strive to ensure all content usage is properly authorized, if you are a rights holder and believe your content is being used inappropriately or without proper authorization, please contact us immediately at hey@podengine.ai for prompt review and appropriate action, which may include content removal or proper attribution.

By accessing and using this platform, you acknowledge and agree to respect all applicable copyright laws and intellectual property rights of content owners. Any unauthorized reproduction, distribution, or commercial use of the content displayed on this platform is strictly prohibited.