Laang huet Lëtzebuerg wéineg a Kläranlagen investéiert a krut dowéinst och eng Milliounestrof vun der EU. Elo sinn d'Anlagen EU-konform, mee fir d'Uelzecht nach ëmmer eng ze grouss Belaaschtung. D'Flosspartnerschaft Uelzecht huet sech dowéinst géint de Bau vun enger Jugurtsfabrik zu Beetebuerg gewiert. Déi griichesch Molkerei Fage ass schlussendlech net komm. Mee et muss ëmmer méi kommunaalt Ofwaasser traitéiert ginn. Wéi vill Kläranlage packt d'Uelzecht nach?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Iwwerfloss-Transkript-vun-der-Episod-2)
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu (mailto:doku@100komma7.lu)
13 Apr 2026
S04E01: De Präis vum Fortschrëtt
Vum Mëttelalter bis an d’19. Joerhonnert war d'Uelzecht mat hire Millen ee Wuesstemsmotor. Mat der Industrialiséierung lant ëmmer méi Knascht am Waasser, d'Uelzecht gëtt zu enger Kloak. Mee d'Zäiten ännere sech: An den 1960er, bei engem Geriichtsprozess ëm d’Schwämm op der Gantebeensmillen, steet d’Uelzecht op eemol am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Gestridde gëtt iwwer eng Fro, déi bis haut relevant ass: Muss een déi negativ Konsequenze vum Wuesstem a Kaf huelen?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Iwwerfloss-Transkript-vun-der-Episod-1)
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu (mailto:doku@100komma7.lu)
6 Apr 2026
S04E00: Trailer
D'Uelzecht ass an engem schlechten Zoustand. Si fléisst eemol queesch duerch Lëtzebuerg a kritt zimmlech alles ze spieren, wat hei geschitt. A Lëtzebuerg soll seng Gewässer bis Enn 2027 eigentlech an ee gudden Zoustand bréngen.
Wéi kann d'Uelzecht dat Zil jee erreechen, wa Bevëlkerung a Wirtschaft weider wuessen? Dëse Froe ginn d'Charlotte Bruneau an d'Pia Oppel a 6 Episoden no. "Iwwerfloss" heescht eis nei Serie am Zeenewiessel.
Zeenewiessel gëtt produzéiert mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound-Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu (mailto:doku@100komma7.lu)
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
5.0 / 5
95 ratings
Contact Zeenewiessel
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine