S04E05 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Maxime Toussaint
De Maxime Toussaint ass dräi Joerzéngten al an Head of Podcast beim Journal. De Luc Spada huet sech fir dës Episod bei Fiasko Fest e Medieprofi an d’Sendung geholl. E Mënsch, deen et also méi gewinnt ass hannert an net virun dem Mikro ze sinn. Mee Ausname bestätege bekanntlech d’Reegel a sou wonnert een sech och net, datt de Maxime, quasi als Hobby, och nach Proff ginn ass, obwuel hien sech ni an der Schoul wuel gefillt huet. Oder wéi een et och ausdrécke kann: De Maxime hëlt seng Revanche andeems hien zeréck an d'Schoul geet. Dës Kéier, denkt un d'Ausnam, op der anerer Säit vum Pult.
11 Oct 2026
S04E04 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Kodji
FR
Kodji a grandi avec les mangas, les dessins animés et le hip-hop. Ce sont ces influences qui façonnent son univers : l'espièglerie, l'inspiration, l'émotion. Et ce n'est pas toujours simple de laisser cette espièglerie s'exprimer face aux obstacles administratifs, ni de se discipliner. Mais c'est notamment depuis que l'invité de Luc Spada a rencontré sa copine que les choses ont changé. Comment on se construit une carrière pas à pas, avec des to-do lists, des doutes sur soi-même. Et comment on continue quand même : tout ça, bien sûr, chez Fiasko Fest.
LU
De Kodji ass mat Mangae, Zeechentrickfilmer an Hip-Hop opgewuess. An et sinn déi Aflëss déi säin Universum ausmaachen, d’Verspilltheet, d’Inspiratioun, d’Emotioun. An et ass net ëmmer einfach déi Verspilltheet op Käschte vun den administrativen Hürde falen ze loossen an sech matt Disziplin ze beschäftegen. Mä spéitstens nodeems dem Luc Spada säin Invité seng Frëndin kennegeléiert huet, huet sech dat och geännert. Wéi et ass sech lues a lues eng Karriär opzebauen, matt To-Do Listen a Selbstszweiflen an awer weiderzemaachen, alles dat: natierlech bei Fiasko Fest.
4 Oct 2026
S04E03 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Georg Poensgen
De Georg Poensgen fënnt se net einfach ze beäntweren, déi eng Fro, wat een als Mënsch ausmécht. Sécher ass d’Mënschlechkeet, iergendwou tëscht Modelen, Mental Health an Diplomatie. Gedriwwe vun der Empathie an enger Welt voller Krisen, ass dem Georg säin Haaptmotor aus dëser Welt eng besser ze maachen. Esou gutt et geet an och selwer fir sech eraus fannen, wat et wierklech ass, wat hie wëll. An do eng Entscheedung ze treffen, wann een sech fir souvill Saache gläichzäiteg begeeschtere kann, ass net einfach. A bis dohin, lant een dann och mol an Argentinien. De Luc Spada freet no.
Who has been a guest on Fiasko Fest
Names identified in recent episode analyses. Showing up to five guests.
Maale Gars
Ruth Lorang
Anne Klein
Eugénie Anselin
Dr med Thorsten Schwark
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
4.8 / 5
22 ratings
Contact Fiasko Fest
Guest appearances
Books guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine