Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leeden se gemeinsam e 78 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d'Lynn Warken an d'Melody Hansen an dësem Podcast. Dobäi schwätze si heiansdo mateneen, heiansdo mat Gäscht iwwer Female Leadership, den Alldag an enger Féierungspositioun an d'Learnings, déi een dobäi mathëlt.
Publisher
Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
Ass gesonde Mënscheverstand eng ausstierwend Kompetenz? Ass „Haaptsaach, mir geet et gutt“ déi nei Devise, egal, wat ronderëm ee geschitt?
A mir schwätzen iwwert al Rollebiller, nei Erwaardungen an d'Fro, wéi séier een an en Tirang gestach gëtt, an deen een eigentlech ni era wollt.
15 Sept 2026
#45 E Virstellungsgespréich beim Grand-Duc feat. Isabelle Faber
D'Isabelle Faber ass Directrice fir Ressources humaines, Kommunikatioun an Nohaltegkeet bei der Post. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours – vun enger Kandheet zu Schëtter iwwer d'Côte d'Azur, en ofgebrachent Medezinstudium an eng Karriär, déi hatt vum Radio iwwer en Job an engem vun de Big Four bis an de Cabinet vum Grand-Duc gefouert huet.
D'Isabelle erzielt, firwat hatt sech selwer bei der Post als déi "timbréiert Madamm" bezeechent, wéi et war, als jonk Mamm ouni Congé parental ze schaffen a firwat eng Rees an de Bhutan säi Liewe verännert huet. Mir schwätzen iwwer Quotefraen, Sororitéit a firwat et heiansdo gutt ass, als éischt Jo ze soen an duerno eréischt ze iwwerleeën.
4 Aug 2026
#44 Wann s de vergëss, wat s de kanns feat. Céline Zimmer
D'Céline Zimmer ass Architektin, Fuerscherin an Entrepreneurin. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours – vu sengem Papp, deen hatt als Kand an e Corbusier-Klouschter matgeholl huet, iwwer e Studium zu Tréier an Hamburg bis bei en Doktorat iwwer d'Wunnengskris, deen hatt bal net gemaach hätt.
D'Céline erzielt, firwat véier Stonne Fokuszäit schonn e gudden Dag sinn, wéi et ass, als jonk Fra mat neien Iddie géint Maueren ze lafen a firwat Entrepreneursgeescht och e Privileeg ass. Mir schwätzen iwwer Wunnkooperativen, iwwer d'Fro, ob ee muss wëssen, ob ee Kanner wëll an iwwer dee klenge Fësch, dee mat enger falscher Floss tëschent Haie schwëmmt.
Reach and audience
Public platform figures. Ratings count people who left a rating, not total listeners.
Spotify
4.9 / 5
26 ratings
Contact Déi gutt Mod
Guest appearances
Does not typically book guests
Based on episode analysis; this does not confirm that the show is currently accepting guests.
Pod Engine is an independent podcast discovery and analytics service and is not affiliated with or endorsed by this podcast. Artwork and show content belong to their owners. Full legal notice.
Explore this show Podcast research with Pod Engine